“Et soll een ophalen, wann et am schéinsten ass”, dat ass e Gedanken, deen dem Elvis-Tribute-Artist oder Elvis-Imitateur Steven Pitman aktuell duerch de Kapp geet. No 25 Joer ass et Zäit der grousser Bün Äddi ze soen, an dat mécht de Steven Pitman dëse Sonndeg Owend (2.3.) mat engem Elvis-Farewell-Concert am groussen Auditorium vun der Philharmonie.
Et ass fir de Steven Pitman eng Geleeënheet sengem Publique, deen esou vill Joren hanner him stoung, Merci an Awuer ze soen, mee awer och am Joer vum 90. Anniversaire vum Elvis Presley nach emol ganz intensiv un de King of Rock’n’Roll ze denken, säin Idol, deen de Steven Pitman e ganzt Liewe laang begleet huet.