arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Moiesstudio
Episoden

Kommunalpoliteschen Zodi zu Hesper
Den DP-Schäffe reagéiert op de Sträit tëschent der Oppositioun an dem CSV-Buergermeeschter Marc Lies.

Rumänien: rietsextreeme Presidentschaftskandidat ausgeschloss
De Calin Georgescu, deen Enn November bei den duerno annuléierte Walen déi meeschte Stëmme krut, däerf net méi untrieden. De Cristian Predo, Politolog op der Uni Bukarest, erkläert d'Hannergrënn.
Dat bréngt den Dag
US-Taxen op europäesche Stol an Aluminium, Vertrieder vum Bistum an der Caritas-Spezialkommissioun an Urteel um EUGH an der Affär Semedo

Dag vun der politescher Bildung
D’Marnie Ecker vum Zentrum fir politesch Bildung gëtt Detailer iwwer déi Journée zum Theemekomplex Demokratie an Digitalitéit muer (13.3.) an der Abtei Neimënster.

Wat ass d'Erfollegsrezept vun der Lëtzebuerger Fussballschoul?
Mir froen den techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun, de Manuel Cardoni.

Super Senior
Fir als Super Senior Nohëllef kënnen ze ginn, muss ee fir d'éischt Tester packen.

Large-Scale-Testing: Zweet Reunioun vun der Budgetskontrollkommissioun
An der Budgetskontrollkommissioun goufen d’Stéphanie Weydert (CSV) an d’Sam Tanson (déi gréng) gëschter als Co-Rapportricen agesat. An d’Cour des comptes huet weider Zuele geliwwert.

E Marsch fir den neie Grand-Duc
D’Frënn vun der Militärmusek organiséieren e Concours. E Jury an de Public sollen decidéieren, wéi eng Kompositioun als "Marsch Grand-Duc Guillaume" zeréckbehale gëtt.

MeluXina AI
Lëtzebuerg soll e KI-Supercomputer kréien, dee - wéi de Supercomputer Meluxina - an den Datacenter um Rouscht stoe kënnt. Wat bréngt dee KI-Supercomputer Lëtzebuerg.
Dat bréngt den Dag
Een Urteel, ee Prozess-Optakt an eng Aarbechtsvisitt vum belschen a vum hollännesche Premier
Housing First: Wéi fonktionéiert déi Offer fir Leit op der Strooss?
Mir froen de Raoul Schaaf vum CNDS, dem Comité National de Défense Sociale, deen esou Projete bedreift.

D'Lafsaison huet ugefaangen: Wéi kënnt een an d'Gäng?
Mir froen de Laftrainer Ben Schroeder.

Demonstratiounsrecht: Wéi streng sollen d'Reegele sinn?
D'Gewerkschafte kritiséieren dem Inneminister seng Pläng fir d'Demonstratiounsrecht ze verschärfen. Mir froen den CSV-Deputéierte Laurent Mosar, ob hien d'Kritik novollzéie kann.

Schof an de Wéngerten
Zu Ohn gëtt bewosst op Maschinen a Gëft verzicht. Et sëtzt een op Schof, fir de Wéngert a Schoss ze halen.

Jugendfuerschung: Ëmmer méi Jonker hunn Angscht virun engem Krich
D‘Angscht viru Krich wier haut bei vill Jonke méi grouss, ewéi déi virun der Klimaerwäermung, esou déi däitsch Shell Jugendstudie 2024 an éischt Erkentnisser aus der neier Youth Survey Luxembourg.
Cercle Aristique du Luxembourg: D'Fréijorsexpo leeft
D'Ausstellung am Tramsschapp um Lampertsbierg steet ënner dem Motto "Rebirth". Mir hunn de CAL-President Marc Hostert gefrot firwat.

Dëschtennis: Ass et eriwwer mam Dubbel Sarah de Nutte/Ni Xia Lian?
Den erfollegräichen Duo trëtt bis op Weideres net méi zesummen un. Mir hunn nogefrot firwat.
Dat bréngt den Dag
Luc Frieden informéiert iwwer EU-Spezialsommet iwwer d’Ukrain / Propose fir eng Walreform ginn analyséiert / Caritas-Spezialkommissioun kënnt nees zesummen / Projet "AI Factory" gëtt offiziell presentéiert
