arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Marc Wagener, Generaldirekter vun der Croix-Rouge
Den 1. August huet de fréieren UEL-Direkter d'Nofolleg vum Michel Simonis un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz iwwerholl.
No zwou Defaiten: Wat ass den Owend vun de Roude Léiwen ze erwaarden?
Am Stade de Luxembourg geet et haut nach eng Kéier géint Bulgarien. Mir schwätze virdru mat eisem Expert Roland Schaack.
Editioun 07:15
Déi verbrannte Läichen zu Bartreng, de Lëtzebuerger Geschäftsmann Pierre Grotz viru Geriicht zu Marseille an d'Bedruchsaffär zu Déifferdeng sinn Theemen
Just an dräi Gemengen hunn d'Kanner och samschdes Schoul
Fir d’Schoulkanner vu Géisdref, Parc Housen a Pëtschent ass de Stonneplang e bëssen anescht wéi am Rescht vum Land: Si ginn och samschdes an d'Schoul.
Pascal Bermes: Schäffen a Lycéesdirekter
De Pascal Bermes (CSV) ass eent vun dräi neie Gesiichter am Escher Schäfferot. Als Direkter vum LGE preparéiert hie grad d'Feierlechkeete fir den 125. Anniversaire d'nächst Joer.
Virwërf géint Amazon: Wéi reagéiert d'ITM?
E Mataarbechter huet sech anonym bei der Gewerbeinspektioun wéinst Verstéiss géint d'Aarbechtsrecht beklot. Wat kann d'ITM do maachen? Froen un hiren Direkter Marco Boly.
Editioun 08:15
De pinken Oktober an de Broschtkriibslaf de Weekend sinn Theema an den Zeitungen, mat Temoignagë vu Betraffenen a Leitartikele mat Opriff, sech depistéieren ze loossen
Wie verlount zu Lëtzebuerg?
Den Observatoire de l'habitat huet déi finanziell a wirtschaftlech Situatioun vun de Bailleuren ënnert d'Lupp geholl. D'Christiane Kleer huet e puer Constaten erausgepickt.
Astrid de Leeuw, Ligue Santé Mentale
Haut ass den Optakt vun der 5. Semaine de la santé mentale. Si steet ënner der Iwwerschrëft "On a tous un bagage. Ensemble, avançons plus légers!".
Dréchent: 15 bis 20 Prozent finanziell Aboussen um Mäerterter Hafen
Dee Chiffer nennt den Direkter vu Luxport, Gilles Braquet. Den Ament gëtt e groussen Deel vum Wuerentransport op Strooss a Bunn verlagert.
Editioun 07:15
D'Brasilianer zu Lëtzebuerg hu gëschter fir de Lula Da Silva gewielt, hei am Land huet de Kandidat vun der Aarbechterpartei kloer géint de Flavio Bolsonaro gewonnen
De Bléck an d'Zeitungen
De Bedruch vun Déifferdeng an e Joer Trounwiessel: dat sinn haut di grouss Sujeten an den Zeitungen
Broch vu Finanzreegelen: Dreet Manchester City elo den Zwangsofstieg?
Den englesche Fussballclub kritt virgehäit, systematesch Finanzreegele gebrach ze hunn. Dat kéint fir den 10-fachen englesche Champion elo grave Konsequenzen hunn.
Zu Schieren geet en neit Wandrad un d'Netz
Domat klëmmt d'Zuel vun Eoliennen am Land op 78, vun deenen déi allermeescht vun der Entreprise Soler bedriwwe ginn. Hiren Direkter Paul Zeimet gëtt Explikatiounen.
Return-hubs an neie Krise-Mechanismus: Wat seet Lëtzebuerg dozou?
D'EU denkt iwwer en neie Migratiouns-Mechanismus fir Krisefäll no. D'EU-Innenminister, dorënner de Léon Gloden, hunn eng éischte Kéier doriwwer diskutéiert.
Editioun 08:15
En Influencer, deen ADR Iddie vertrëtt, Gewalt géint Fraen an d'Dekonventionéierung vum Gesondheetssecteur, dat sinn eis Theemen an der Presserevue
Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna – den Opus ass live dobäi
Den 31 Joer alen ungareschen Dirigent Martin Rajna dirigéiert haut den Owend um hallwer 8 säin éischte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
Simone Niclou, Vize-Rekter vun der uni.lu
Wéi geet et viru mam Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg? Wéini kënnt de Master? A wéi ass et mat weidere Spezialisatiounen?