Radioen

On air

Tockcity  |  Cari Cari - Nana

play_arrow Live
arrow_back_ios

Moiesstudio

search / Moiesstudio

/ Keng Plaz méi fir Kanner aus anere Gemengen

Keng Plaz méi fir Kanner aus anere Gemengen

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Vun der nächster Rentrée u wäerten an der Grondschoul zu Réimech d’Conditiounen, fir Kanner aus anere Gemengen opzehuelen, däitlech méi streng ginn. Viru 14 Deeg huet de Gemengerot entscheet, datt Kanner déi an anere Gemenge wunnen, just nach eng Plaz an enger Réimecher Schoul kréien, wann een Elterendeel zu Réimech schafft.


Viséiert si vun där Moossnam virun allem déi Famillen, déi an der däitscher Grenzregioun wunnen: D’Nopeschgemeng Schengen hëlt zanter der leschter Rentrée scho keng Kanner méi aus anere Gemengen op. Zu Réimech huet een elo gefaart, datt vill Lëtzebuerger Famillen, déi an Däitschland wunnen, hir Kanner elo hätte wëllen zu Réimech aschreiwen. Dem DP-Buergermeeschter Jacques Sitz no wieren d’Capacitéite vun der aktueller Infrastruktur maximal ausgereizt.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Lafschlappen a Verletzungen | © Bigstock / Maridav

Lafschlappen a Verletzungen

De Luxembourg Institute of Health (LIH) analyséiert am Optrag vun enger grousser franséischer Enseigne den Zesummenhang tëschent der Fiederung vu Lafschung an dem Verletzungsgefor vum Leefer.
headphones

10 min

play_arrow
Netflix-Serie "Adolescence" | © Netflix

Netflix-Serie "Adolescence"

Eng brittesch Sendung suergt grad fir vill Diskussiounen.
headphones

4 min

play_arrow
Déi 3. Spuer op der A3 | © Serge Kesseler

Déi 3. Spuer op der A3

... soll am Fong fir déi Autoe reservéiert sinn, an deene méi wéi just eng Persoun ënnerwee ass. Mee wéi et schéngt, gëtt sech net doru gehalen. Kann een dat esou hinhuelen? Froen un de gréngen Deputéierte Meris Sehovic
headphones

6 min

play_arrow

Dat bréngt den Dag

Generalversammlung vun der Policegewerkschaft, nationalen Aktiounsplang fir d'Gläichstellung vu Mann a Fra a Besuch vum EU-Agrarkommissär zu Lëtzebuerg
headphones

3 min

play_arrow
Nei Saison: De Beetebuerger Park mécht nees op | © Rick Mertens

Nei Saison: De Beetebuerger Park mécht nees op

Mir hunn nogefrot, wéi eng nei Attraktiounen et ginn.
headphones

3 min

play_arrow
Onerwënschte Gaascht | © picture alliance/dpa | Peter Kneffel

Onerwënschte Gaascht

Amerikanesche Vizepresident JD Vance a Grönland
headphones

6 min

play_arrow
Bleiwen déi véier Planzen doheem ee Randphenomeen? | © Jo Diseviscourt

Bleiwen déi véier Planzen doheem ee Randphenomeen?

Mat der Cheffin vun der Lëtzebuerger Antenn vun der Europäescher Drogenagence EUDA, der Nadine Berndt, schwätze mir iwwer déi éischt Evaluatioun vum Gesetz, dat den den Ubau vu Cannabis doheem erlaabt.
headphones

11 min

play_arrow
Goufen aus der Corona-Pandemie déi richteg Léiere gezunn?

Goufen aus der Corona-Pandemie déi richteg Léiere gezunn?

Goufen aus der Corona-Pandemie déi richteg Léiere gezunn? Déi Fro hu mir ronderëm de 5. Joresdag vun den éischte Covid-Infektiounen hei am Land schonn e puermol gestallt. Äntwerte vum Stefan Braum, Droits-Professer vun der Uni Lëtzebuerg
headphones

8 min

play_arrow
Luxembourg Art Fair | © LUXEXPO The Box

Luxembourg Art Fair

Tëschent Konscht a Commerce: 100 Galerien aus verschiddenen europäesche Länner weisen dëse Weekend "abordabel Konscht" an der Luxexpo um Kierchbierg.
headphones

3 min

play_arrow
D'Logementspräisser zéien nees un | © Max Bauerfeind/Bigstock

D'Logementspräisser zéien nees un

Dës Woch ass déi 70. Editioun vum Rapport "Le logement en chiffres" vum Logementsministère virgestallt ginn. Aus deem Rapport geet ervir, datt d'Aktivitéit Enn 2024 erëm zougeholl huet.
headphones

4 min

play_arrow
Sanktioune géint Russland ginn net opgehuewen | © picture alliance / Photoshot

Sanktioune géint Russland ginn net opgehuewen

Dat hunn d'Leadere vun 30 europäesche Länner gëschter (27.3.) a grousser Eenegkeet zu Paräis decidéiert. Dozou en Interview mam Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.
headphones

5 min

play_arrow

Dat bréngt den Dag

Den OGBL-Nationalkongress fänkt un, et ass den zweeten Dag vun der Staatsvisitt vum President vu Singapur an de Beetebuerger Park geet no der Wanterpaus nees op.
headphones

5 min

play_arrow
Moukewanderung | © Bigstock

Moukewanderung

Wéi all Joer am Fréijoer wanderen d'Mouke grad vum Bësch a Richtung Tëmpel oder soss Gewässer fir ze läichen - an dee Wee ka fir si potentiell déidlech sinn.
headphones

4 min

play_arrow
Policy Lab: Méi Fakten an der Politik

Policy Lab: Méi Fakten an der Politik

De Joël Machado ass Ekonomist a schafft mat am Policy Lab vum LISER, wou politesch Projete begleet an evaluéiert ginn. Wéi leeft dat of a kënnt et dobäi och zu Konflikter?
headphones

13 min

play_arrow
Ukrain-Sommet

Ukrain-Sommet

Waffepaus nëmmen am Schwaarze Mier?
headphones

2 min

play_arrow
Caritas-Affär: "Vläicht hätt schonn éischter missen d'Brems gezu ginn?" | © Chambre des députés

Caritas-Affär: "Vläicht hätt schonn éischter missen d'Brems gezu ginn?"

D‘Caritas-Spezialkommissioun huet gëschter rapportéiert, datt et scho virum Finanzbedruch Problemer mat der Gouvernance gouf.
headphones

4 min

play_arrow

Dat bréngt den Dag

Den ukrainesche President Selenskyj zu Paräis, wou och de Lëtzebuerger Premier dobäi ass, zwou Chamberkommissiounen, ë. a. Agrar, wou d'Biolandwirtschaft am Mëttelpunkt steet an d'Art Fair um Kierchbierg
headphones

3 min

play_arrow

Spezifesche Statut fir jonk Dokteren

D'Regierung an d'Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation hunn e prinzipiellen Accord fonnt. Explikatioune vum ALMEVS-President Tom Schlüter
headphones

4 min

play_arrow
Et feelt u Lycéeën am Land | © picture alliance/dpa | Taylan Gökalp

Et feelt u Lycéeën am Land

Et feelt u Lycéeën am Land
headphones

5 min

play_arrow
Méi Méiglechkeete fir Energiegenossenschaften | © Jo Diseviscourt

Méi Méiglechkeete fir Energiegenossenschaften

Ronn 12 Energiegenossenschafte ginn et aktuell hei am Land, an déi kéinten - op d’mannst an der Theorie - nach méi Energie produzéieren, späicheren a verkafe wéi bis elo, seet de Paul Zens, President vun Eurosolar Lëtzebuerg.
headphones

13 min

play_arrow