arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
D'Gemeng Déifferdeng setzt hiren éischte Plan Canicule ëm
Déi Orange Alerte vu MeteoLux bedeit fir d'Gemeng Déifferdeng, datt hiren éischte Plan Canicule a Kraaft trëtt. Aus der Buvette vum Sportzenter gëtt deemno ee gekillte Raum.
Editioun 07:15
Paul Galles, eng Zort klimapolitescht Gewësse bannent der CSV an de Lëtzebuerger Fraefussball, deem et schlecht geet: Dat sinn Theemen an der nationaler Press vun haut
Firwat kommen d'Bloalgen dëst Joer esou spéit?
Mir froen den Tom Bechet vun der Waasserverwaltung.
Filmbranche ënner Drock: D'Techniker hu Problemer iwwer d'Ronnen ze kommen
Mir froen de President vun der ALTA, der Associatioun vun den Techniker aus dem audiovisuelle Beräich, wéi eescht d'Situatioun mëttlerweil ass.
Nowal an England: Den Nigel Farage trëtt géint de Grof Poubelle-Gesiicht un
Eis Korrespondentin zu London erkläert, firwat dee rietse Politker bei enger Nowal untrëtt, un där nieft him just Satire-Kandidaten deelhuelen.
Editioun 08:15
Schluss mat de Solarpanneaue "Made in Luxembourg“: D‘Firma Solarcells zu Hollerech ass um Enn, liest een am Wort.
A Spuenie war eng komplett Sonnendäischtert ze gesinn
De Max Voncken erzielt eis, wéi hien dee ganz raren astronomesche Spektakel erlieft huet.
Carlos Pereira (OGBL), Member vum CNS-Verwaltungsrot
Wéi reagéieren d'Salariatsvertrieder an der Gesondheetskeess op d'Ukënnegung vun der AMMD, keng nei Konventioun mat der CNS wëllen ze ënnerschreiwen?
Sonnendäischtert: Groussen Undrang zu Ettelbréck
Déi laang erwaarte Sonnendäischtert war och vu Lëtzebuerg aus ze gesinn. Bis zu 90 Prozent vun der Sonn goufe vum Mound verdeckt. En eenzegaartegt Naturspektakel.
Editioun 07:15
"Ganz Lëtzebuerg kuckt an den Himmel": Déi partiell Sonnendäischtert vu gëschter ass de Moien Haapttheema an der Press.
Clinch tëschent AMMD an CNS: Appel vun de Spidolsdokteren
An engem Bréif u Regierung, CNS an AMMD appeléiert d'Associatioun Médecins du Secteur Hospitalier un all déi Bedeelegt, nees zesummen ze fannen.
Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Editioun 08:15
Den AMMD-President reagéiert am Wort op déi gescheitert Mediatioun mat der CNS a mécht sech drop gefaasst, vun CNS a Gewerkschaften duerch den Dreck gezunn ze ginn
D'UNEL hëllt en neien Ulaf
Déi traditiounsräich Studentenorganisatioun, ëm déi et zënter Covid roueg gi war, huet mat neie Leit en neien Ulaf geholl. De Karim Gérin vun der UNEL erkläert d'Démarche.
Paul Galles (CSV), President vun der Chamber-Ëmweltkommissioun
Ass de Summer, dee mir grad erliewen, dat bescht Argument fir eng méi konsequent Klimapolitik? Dat hu mir den CSV-Politiker gefrot.
Schutzbrëller fir Sonnendäischtert vergraff
Kuerz virun der partieller Sonnendäischtert war et schwéier déi néideg Brëller zu Lëtzebuerg ze fannen
Editioun 07:15
Firwat gëtt net iwwer eng eventuell Fusioun vu CGDIS an Air Rescue diskutéiert a firwat hält sech d'Begeeschterung fir d'Sonnendäischtert a Grenzen?
Schmotzwaasser an d'Natur lafe loossen? Minettkompost weist Kritik vu sech
Léisst de Syndikat, dee sech ëm d'Verwäertung vun organeschen Offäll bekëmmert, Schmotzwaasser an d'Natur lafen? De President Jeannot Fürpass widdersprécht.