arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Späicherstrategie Lëtzebuerg
De Simeon Hagspiel, Regierungskommissär fir Energie, gëtt Prezisiounen iwwer d’Subside fir Batterien, mat deenen een de selwer produzéierte Solarstroum späichere kann.
Eng Warscheinlechkeet vun 1 zu enger Millioun
Dat ass d'Chance, déi een aktuell huet, fir e passende Knachemuerch- oder Stammzellespender ze fannen.
Héichpunkt vun der Perseideschauer 2025
Wann et däischter ass, soll een Dosenden där Stäreschnäize mam bloussen A kënne gesinn. Explikatioune vum Eric Buttini aus dem natur musée.
De Baggerweier vu Rëmerschen
De Weier, eng al Sandgrouf, gëtt vum soziale Projet “Erliefnes Baggerweier” bedriwwen, dee Leit mat Handicap engagéiert.
COB House: mat Leem a Stréi nohalteg bauen
Dat war d'Zil vun engem Workshop, dee fënnef Woche gedauert huet. D'Resultat ass en Haische vu 14 Meter Carré.
D'Lëtzebuerger Resultater bei der Indiaca-WM an Estland
Déi lescht Deeg war an Estland d'WM am Indiaca, engem Sport, deen dem Volleyball gläicht, awer mat enger Zort Fiederball gespillt gëtt. Lëtzebuerg krut do zweemol Sëlwer!
Wéi kënne Festivalle méi nohalteg ginn?
D'Isabelle Schummer vum Oekozenter beréit d'Organisateuren am Kader vum Projet Green Events, wéi si den ekologesche Foussofdrock vun hire Veranstaltunge kënne reduzéieren.
Festivalle méi nohalteg gestalten
D’Pebia Urban huet sech zwee Lëtzebuerger Festivallen ugekuckt: ee mam offizielle Green Event Label an een ouni.
Florence Thurmes zu Chemnitz
Chemnitz ass dëst Joer eng vun den zwou europäesche Kulturhaaptstied. Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Florence Thurmes ass do Direktesch vun de Konschtausstellungen.
Internationalen Traité fir Plastikoffall
Zu Genf verhandelen iwwer 180 Staaten aktuell iwwer en neit Ofkommes fir géint d'Plastikpollutioun virzegoen. Nach ass onsécher, op et Eenegkeet wäert ginn.
Als Dokter ënnerwee an zwou Welten
Den Dr. Jean-Claude Leners war lanng Generalist zu Ettelbréck a reest zanter 35 Joer reegelméisseg a wäit entleeë Regioune fir do Patienten ze hëllefen. Wat mécht dat mat him?
Stroumpräis: 136 Euro d'Joer manner duerch Subventioun vun Netzkäschten
Duerch déi geplangte staatlech Subventioun vun de Stroumnetzkäschte kéint e Stot mat duerchschnëttlechem Verbrauch ronn 136 Euro d‘Joer u Stroumkäschte spueren.
Erausfuederungen um Stauséi
De Stauséi ass scho laang e beléift Ausfluchzil am Summer. Mee an de leschte Jore suergt en ëmmer nees fir Schlagzeile wéinst iwwerfëllte Plagen, Auto-Chaos an illegale Partyen.
Nei Method fir d'Haaptschlagoder ze behandelen
D'Gefässchirurgin Dr. Muriel Schiltz huet déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg erfollegräich eng nei Operatiounstechnik benotzt fir Protheesen an der Haaptschlagoder ze fixéieren.
Douanestaxen: D'Schwäiz huet nach keen "Deal" mam Donald Trump
Haut trëtt eng Tax vun 39 Prozent op Schwäizer Exporter an d'USA a Kraaft. Wéi schlëmm ass dat fir d'Schwäizer Wirtschaft? Dat froe mir de Peter Fischer, Chefekonomist vun der NZZ.
Een oppent Ouer, zanter 50 Joer
Dee sougenannte Suergentelefon vun SOS Détresse gëtt et en halleft Joerhonnert laang. Ee Gespréich mat der Jessica Levy iwwer nei Kommunikatiounsweeër an al Liewensfroen
Schlëmm Bëschbränn a Frankräich
Mir froen eise Korrespondent Max Tholl, wéi gutt Frankräich op esou Situatioune preparéiert ass.
"Wann et kee Spaass méi mécht, soll ee sech net krank maachen"
Dat ass d'Conclusioun vum fréieren Deputéierten an LSAP-Buergermeeschter vun Nidderaanwen Jean Schiltz no 37 Joer an der Politik.