arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Josée Kirps, Direktesch vun de Nationalarchiven
D'Nationalarchive sinn amgaangen op de Belval ze plënneren. Mir froen d'Direktesch, ob si d'Plënneraktioun nach ofgeschloss kritt, éier si am November an d'Pensioun geet.
No Ceuta: wat muss d'EU anescht maachen, Tilly Metz?
Mir schwätze mat der grénger Europadeputéierter iwwer d'Conclusiounen, déi si zitt aus de Virfäll zu Ceuta an dem Ëmgaang domadder vun de politesche Responsabelen.
Editioun 7h15
De Kampf vu Kriibspatientinne mat der Gesondheetskeess wéinst hire Broschtimplantater an d'Euroschäiner mat Panzeren a Mitrailletten drop sinn Theemen.
Beien an der Stad, Hunneg aus der Stad
Den Hugo Zeler ziicht Beien am urbane Raum. De Pit Beffort war mat him op enger ongewéinlecher Plaz ënnerwee.
E Bléck op d'Statistiken: Wéi aussergewéinlech ass déi aktuell Wiederlag?
Am Juli goufen et um Findel am zweetmeeschte Sonnestonnen zënter de Miessungen. E Gespréich mam Luca Mathias vu Meteolux
Editioun 8h15
De Marc Spautz schléisst eng Kandidatur 2028 net aus an d'Zukunft vun der Gantebeensmillen hänkt mam Kindy Fritsch zesummen.
Zuel vu Fraen an der Arméi erreecht 20-järegen Héchststand
Dëst Joer goufen esouvill Zaldotinne vereedegt wéi zënter iwwer 20 Joer net méi.
Alexander Flassak, Generaldirekter vu Lux-Airport
De Lëtzebuerger Flughafe soll an den nächste Joren ausgebaut ginn. Mir froen de CEO vun der Bedreiwergesellschaft, wat genee geplangt ass.
EU-Reunioun haut: Firwat wollten dausende Persounen aus Marokko op Ceuta?
Déi 27 EU-Inneminister kommen haut fir eng urgent Reunioun zesummen, nodeems virum Weekend zéngdausende Leit probéiert hu vu Marokko aus an déi spuenesch Exklav Ceuta ze kommen.
Editioun 7h15
Et ginn éischt Jugementer an der Immigratiounsaffär: dräi Persounen aus Montenegro, déi mat falsche Pabeieren eng Openthaltsgeneemegung kritt hunn.
Fussball: "Biissen a Walfer sinn dräi oder véier verschidde Welten"
Wat sinn d'Ziler vum Opsteiger Walfer an der neier Saison? Mir hunn Äntwerte vum Walfer Consultant Charel Schloesser.
D'Campinge profitéiere vun der Hëtzt
2026 wier ee fantastescht Joer fir d'Lëtzebuerger Campingen. Vill Touriste géife wéinst der aktueller Situatioun am Süde vun Europa hir Vakanzen hei am Land verbréngen.
Editioun 8h15
Déi illegal Rave-Party d'lescht Joer zu Hengescht kritt e juristescht Nospill: 63 Persoune musse sech am November virum Policegeriicht zu Dikrech veräntwerten.
Filmtipp: "The Christophers"
Mat sengem Fälscher-Drama geet de Steven Soderbergh dem Wiese vun der Konscht op de Fong.
Diane Adehm, CSV-Buergermeeschtesch vun Hesper
Mir froen d'CSV-Politikerin, wéi si no ville Kontroversen nees Rou an d'Hesper Gemeng brénge wëllt.
Bestëmmte KI-generéiert Contenue kréien ee Label
Zanter e Sonndeg sinn nei Reegelen aus dem europäeschen AI-Act a Kraaft. D'Medienopsiicht ALIA wäert doduerch nei Missioune kréien. Wéi eng, erkläert den Théo Antunes.
Editioun 7h15
De Gary Diderich an d'Ana Correia da Veiga huelen an der Chamber d'Relève vun den zwee Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum an David Wagner.
Editioun vum Weekend
DP-Ministerin Stéphanie Obertin, d'National Archiven an de Kanal ënner der Uelzechtstrooss zu Esch sinn d'Opmaacher an der geschriwwener Press.