arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Editioun 7h15
Vun e Freideg un däerfen d‘Geschäfter méi laang op hunn, mee wéi et schéngt, hunn déi meescht keng Ännerunge geplangt, weder déi grouss Akafszentren nach déi kleng Geschäfter.
Initiativ "Keine 10-Millionen-Schweiz“ gouf zeréckgewisen
Méi däitlech wéi erwaart hunn d'Schwäizer sech gëschter géint eng Begrenzung vun der Awunnerzuel ausgeschwat. Explikatioune vum SRF-Journalist Philipp Schrämmli
Bluttspenden: Sinn d'Konditiounen ze streng?
Bei Geleeënheet vum Internationalen Dag vum Bluttspenden, dee gëschter war: En Interview mat der Direktesch vum Centre de transfusion sanguine Anne Schuhmacher
Eichenprozessionsspinner: Befall dëst Joer extreem
Scho bis Ufank Juni haten d’Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg méi wéi 5 Mol esou vill Näschter ewechgeholl, wéi d’lescht Joer, erkläert de Jimmy Gales vum Stater Service Parcs.
Editioun 8h15
Den CSV-Inneminister hätt d'LSAP beim Vott vum europäeschen Asyl- a Migratiounspak virgeféiert a méiglecherweis wier eppes drun, datt d'Liz Braz d'Partei wéilt wiesselen.
Table Ronde iwwer Verlagshaiser: Strukturell Hëllef wier néideg
D‘Enn vun der Editioun Op der Lay géif weisen, datt d‘Verlagshaiser zu Lëtzebuerg strukturell Hëllef brauchen, huet et bei enger Table ronde um 100,7 geheescht.
David Lentz. Procureur d'État
No der Affaire Lyhanna a Frankräich: wéi geet d'Lëtzebuerger Justiz a Fäll vun Abus sexuel mat de presuméierten Täter ëm?
D'Kapverde bei der WM
D’Land ass eng éischte Kéier bei enger Fussball-Weltmeeschterschaft mat derbäi.
Editioun 7h15
D'OGBL-Presidentin Nora Back schwätzt iwwer déi extreem schwiereg an haart Tripartiteverhandlungen an datt mam Resilienzpak hire Kampf nach laang net eriwwer ass.
Editioun vum Weekend
D'Wuesstumsdebatt, d'Ofstëmmungsverhale bei der LSAP an d'Francopholies sinn Theemen an der nationaler Press vum Weekend.
Gëtt dës WM déi klimaschiedlechst, déi et jee gouf?
De Jo Welfringer ass där Fro fir eis nogaangen.
Eng Cyberattack stoppt Zich vun der CFL - Lëtzebuerg test den Eeschtfall
D'Lëtzebuerger Autoritéiten hu sech an de leschten Deeg un engem groussen europäesche Cybersecurity-Test bedeelegt. Mir kucken, wéi eng Léieren doraus gezu ginn.
Wirtschaft: EZB héicht Zënse fir Inflatioun ze bremsen
Déi Europäesch Zentralbank huet hir wichtegst Zënstauxe gehéicht, fir d'Inflatiounshausse duerch de Krich am Noen Osten ze bremsen.
Editioun 08:15
Cattenom a seng Konsequenzen, KI bei parlamentaresche Froen an Tripartite-Punkte fir de Premier, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Muer an der Coque: Special Olympics fir jiddereen
Muer am Nomëtteg ass eppes méi lass um Kierchbierg: Special Olympics Luxembourg lued de breede Public an zesumme mat Leit déi eng intellektuell Aschränkung hu Sport ze maachen.
Vun 100 op 99 Gemengen? Bauschelt a Stauséigemeng rapprochéiere sech
An den Nopeschgemenge Bauschelt a Stauséigemeng sinn d’Virbereedunge fir eng méiglech Fusioun am Joer 2029 ugelaf.
Joëlle Welfring, Deputéiert vun déi gréng
Theeme sinn déi Klima-onfrëndlech Mesuren am Resilienzpak, Ännerungen um Naturschutzgesetz a Warnunge ronderëm déi schlecht Qualitéit vun de Lëtzebuerger Gewässer.