D'Gemeng Mäerzeg huet deen éischte Präis fir den innovatiivste Schoulhaff gewonnen, deen un de Klimawandel ugepasst ass.
Bëtong späichert Hëtzt, e verhënnert, datt d’Waasser kann an de Bueden asickeren an ouni Beem gëtt et och kee Schiet, dat leit op der Hand. An awer si vill ëffentlech Plazen, Parkingen oder och Schoulhäff hei am Land versigelt. Dat soll sech änneren: “Méi Natur an eise Stied an Dierfer”, esou heescht en Appel à projet vum Ëmweltministère, fir den ëffentleche Raum méi gréng ze gestalten an deemno och besser un de Klimawandel unzepassen.