arrow_back_ios

Moiesstudio

100komma7.lu / Moiesstudio

/ Affekot vum Jos Nickts rifft 100,7 dozou op säi Mandant net méi ze nennen

Affekot vum Jos Nickts rifft 100,7 dozou op säi Mandant net méi ze nennen

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

5 min

Den Affekot vum Jos Nickts rifft verschidde Medien dozou op fir den Numm vum fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft net méi ze nennen. De Maître Jean-Paul Noesen huet en deementspriechende Bréif un d'Tageblatt, u Reporter.lu, un de Lëtzebuerger Journal an och un eis hei vum 100,7 geschéckt, esou wéi hien dat scho viru Kuerzem am 100,7-Interview ugedeit hat.

E Lëtzebuerger Geriichtsuerteel, dat Enn November a Cassatioun confirméiert gouf, verbitt jo RTL Lëtzebuerg fir den Numm vum Jos Nickts a Relatioun mat sengen Aktivitéiten als fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft ze nennen. Den 100,7 ass net vun deem Urteel viséiert an huet den Numm och weider benotzt.

Wéi gi mir hei um 100,7 elo mat deem neie Bréif ëm? Erklärunge vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Nationalfeierdag Militärparad: A voller Uniform bei iwwer 30 Grad | © Pierre Reyland

Nationalfeierdag Militärparad: A voller Uniform bei iwwer 30 Grad

Déi lescht Preparatioune fir d'Militärparad op Nationalfeierdag ware wéinst der Hëtzt scho Freideg Moie fréi. Um Dag selwer awer sti mir bei iwwer 30 Grad do, esou en Offizéier.
headphones

6 min

play_arrow
10 Joer Brexit

10 Joer Brexit

Wéi huet dat Vereenegte Kinnekräich sech verännert, zënter et net méi Member vun der EU ass? Erklärunge vun eiser London-Korrespondentin Claire Barthelemy
headphones

6 min

play_arrow
"Feuerwerksmusik" 2026 | © picture-alliance/ dpa | Harald Tittel

"Feuerwerksmusik" 2026

Den Erny Delosch huet dëst Joer d'Musek fir d'Freedefeier um Virowend vun Nationalfeierdag geschriwwen. Am Interview verzielt hien, wéi hien dobäi virgaangen ass.
headphones

10 min

play_arrow
Canicule: eng grouss Belaaschtung fir de CGDIS | © Ana Angel

Canicule: eng grouss Belaaschtung fir de CGDIS

De Generaldirekter Paul Schroeder erkläert, firwat d'Kombinatioun vu grousser Hëtzt an Nationalfeierdag dem CGDIS vill Suerge maachen.
headphones

7 min

play_arrow
Verdachtsfäll vu sexuellem Mëssbrauch: Wéi ginn d'Schoulen domat ëm? | © Jo Diseviscourt

Verdachtsfäll vu sexuellem Mëssbrauch: Wéi ginn d'Schoulen domat ëm?

Éier d'Justiz agräife kann, mussen Alarmsignaler erkannt ginn. D'Psychologin Florence Gerges erkläert, wéi Schoulen op Verdachtsfäll reagéieren.
headphones

13 min

play_arrow
An 3 Wochen um Vëlo queesch duerch Europa - de Ralph Diseviscourt ass prett | © Jo Diseviscourt

An 3 Wochen um Vëlo queesch duerch Europa - de Ralph Diseviscourt ass prett

De Lëtzebuerger Extreemsportler start ëm Mëtternuecht d'Nordkap-Tarifa-Course queesch duerch Europa. E puer Stonne virum Depart ass hien eis aus dem Norde vun Norwegen zougeschalt.
headphones

6 min

play_arrow
Iran-USA-Accord: Wéi sécher ass d'Wafferou?

Iran-USA-Accord: Wéi sécher ass d'Wafferou?

Béid Säiten hu virgëschter e prinzipiellen Accord ënnerschriwwen, mee haut sinn nach weider Gespréicher an der Schwäiz geplangt. Mir kucken, wéi eng Froen nach musse gekläert ginn.
headphones

6 min

play_arrow
Wat leeft haut op der Fête de la Musique?

Wat leeft haut op der Fête de la Musique?

De Pit Walté huet sech de Programm fir eis ugekuckt.
headphones

4 min

play_arrow
Nowalen an England: Zu Makerfield steet Zukunft vu Labour um Spill | © EPA/ADAM VAUGHAN

Nowalen an England: Zu Makerfield steet Zukunft vu Labour um Spill

Eis Korrespondentin Marie Billon analyséiert d'Resultat vun der Nowal a wat se fir d'Labour-Partei bedeit.
headphones

5 min

play_arrow
115 Lëtzebuerger Entreprisen engagéiere sech fir d'Mënscherechter

115 Lëtzebuerger Entreprisen engagéiere sech fir d'Mënscherechter

Zënter 2022 verginn den Ausseministère an d'Chambre de Commerce e Label fir Entreprisen, déi sech engagéieren d'Mënscherechter ze respektéieren. Mir hu mat zwou vun hinne geschwat.
headphones

3 min

play_arrow
Lëtzebuergesch schreiwen a liichter Sprooch | © Illustratioun: radio 100,7/Adobe Stock

Lëtzebuergesch schreiwen a liichter Sprooch

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet e Reegelwierk publizéiert, dat hëllefe soll Texter esou ze formuléieren, datt se fir e méiglechst breede Public verständlech sinn.
headphones

8 min

play_arrow
300 politesch Lidder vu Lëtzebuerg

300 politesch Lidder vu Lëtzebuerg

Deen 2. Band vun der Liddersammlung mam Titel "Georgely" ass e Sträifzuch duerch 200 Joer Lëtzebuerger Geschicht. De Georges Urwald huet d'Selektioun gemaach.
headphones

15 min

play_arrow
Bis zu 36 Grad ... an et gëtt nach méi waarm? | © Adobe Stock

Bis zu 36 Grad ... an et gëtt nach méi waarm?

Lëtzebuerg erlieft déi zweet Hëtzewell bannent e puer Wochen. Wéi ongewéinlech ass dat? A mat wéi engen Temperaturspëtzten ass ze rechnen? Froen un de Meteorolog Luca Mathias
headphones

6 min

play_arrow
Wéi geet et weider nom Brand an der Primärschoul zu Jonglënster? | © Commune de Junglinster

Wéi geet et weider nom Brand an der Primärschoul zu Jonglënster?

Gëschter Moien huet et am Gebai Jean-Pierre Welter vun der Primärschoul zu Jonglënster gebrannt. Wat bedeit dat fir d'Schüler:innen? Froen un de Buergermeeschter Ben Ries
headphones

8 min

play_arrow
Raphaël Zumsteeg: “Den Hafen zu Mäertert huet Capacitéit fir méi Schëffer" | © picture alliance / Caro | Eckelt

Raphaël Zumsteeg: “Den Hafen zu Mäertert huet Capacitéit fir méi Schëffer"

Mir hunn eis mam President vun der Société du Port de Mertert ënnerhalen.
headphones

4 min

play_arrow
Rotonden zu Bouneweg: Eng nei Saison mat neie Méiglechkeeten | © Rotondes

Rotonden zu Bouneweg: Eng nei Saison mat neie Méiglechkeeten

D'Renovéierung vun der Rotonde 1 ass ofgeschloss. De Marc Clement erkläert, wéi eng Evenementer an den nächste Méint do geplangt sinn.
headphones

6 min

play_arrow
Ass Keelen nach ëmmer Lëtzebuerger Vollekssport? | © FLQ

Ass Keelen nach ëmmer Lëtzebuerger Vollekssport?

Doriwwer schwätze mir mat zwee Lëtzebuerger Goldmedailegewënner vun der Weltmeeschterschaft am Sportkeelen. De Grand-Duché koum mat 4 Medaile vun där WM an Däitschland zeréck.
headphones

12 min

play_arrow
Wafferou am Iran: Kéint Israel den Accord un d'Wackele bréngen?

Wafferou am Iran: Kéint Israel den Accord un d'Wackele bréngen?

Eisen Israel-Korrespondent Leonardo Kahn erkläert, firwat den Accord tëschent den USA an dem Iran an Israel ganz kritesch gesi gëtt.
headphones

6 min

play_arrow
Onzefridde Livreure bei Wolt: Wat kënnen d'Gewerkschafte maachen?

Onzefridde Livreure bei Wolt: Wat kënnen d'Gewerkschafte maachen?

Mir froen den David Angel vum OGBL, wéi d'Gewerkschaften d'Livreure wëllen ënnerstëtzen.
headphones

9 min

play_arrow
Wann de Fussball de Leit hir Suerge vergiesse deet | © EPA/CEERWAN AZIZ; EPA/MENTOR DAVID LORENS; EPA/JALAL MORCHIDI

Wann de Fussball de Leit hir Suerge vergiesse deet

Wann den Irak, Haiti oder déi Demokratesch Republik Kongo op der WM untrieden, da léisst de Fussball bei de Leit aus deene Länner esou munch Suerge verschwannen.
headphones

7 min

play_arrow