Slopestyle ass eng vun den Disziplinne beim Freestyle-Schi, déi dëst Joer bei den Olympesche Wanterspiller an Norditalien ausgedroe ginn. Bei de Frae konnte gëschter schonn d’Mathilde Gremaud Gold, d’Eileen Gu Sëlwer an d’Megan Oldham Bronz gewannen. Bei de Männer ass d’Finall haut am fréie Mëtteg. Zënter de Wanterspiller 2014 zu Sotschi a Russland ass d’Disziplin olympesch. Slopestyle fuerdert Kreativitéit, Trickfäegkeet a Courage vun den Athleetinnen an Athleeten. Dobäi deet sech eng jonk Fra besonnesch ervir, déi awer och fir Kontrovers gesuergt huet.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Freestyle-Schi: Spréng, Saltoen, Këschten, Gelänner an nach vill méi
Lauschteren
play_arrow
(Foto: EPA/PETER KLAUNZER)
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jo Welfringer
Episoden
30 Joer e-lake: Wéi vill Opwand stécht hanner dem Festival?
De Pit Beffort schwätzt mat den Organisateuren iwwer d'Geschicht vum Festival an aktuell Erausfuerderungen.
De 6. August viru 35 Joer gouf Internetgeschicht geschriwwen
Mir kucke mat der Valérie Schafer, Spezialistin fir Internetgeschicht op der Uni.lu zréck op déi éischt Websäit iwwerhaapt a froen si wéi den Tim Berners-Lee de Web vun haut gesäit
Krisesëtzung: wéi geet et um Rhäin (an op der Musel) weider?
De Rhäin steet mëttlerweil op ville Plazen historesch déif. Gëschter gouf zu Bonn no Léisunge gesicht fir den Impakt op d'Wirtschaft kleng ze halen.
Beetebuerger Kierfecht: wat ass bis elo gewosst?
Ufanks der Woch goufe 60 Griewer beschiedegt. Mir froen de Buergermeeschter Jean-Marie Jans, wat genee geschitt ass, an ob d'Kierfechter elo besser muss geschützt ginn.
180 Kilometer Jakobswee ginn et zu Lëtzebuerg
Déi féieren a 6 Etappen op Veianen, Iechternach, Gréiwemaacher an d’Stad, op Diddeleng a Schengen. D’Paule Rodesch war rezent mat de Frënn vum Camino op enger dovunner ënnerwee.
Gym: Lëtzebuerg krut den Zouschlag fir d'EM 2028 auszedroen
Wat bedeit dat un Opwand a wéi kritt d'Federatioun FLGym dat gestemmt? Dat froe mir hire Generalsekretär Silvio Sagramola.
Liichtathleetik bei iwwer 30 Grad: Schiet, Waasser an adaptéiert Trainingen
D'Hëtztwellen hunn och dee gréisste Liichtathleetik-Veräin am Land virun Erausfuerderunge gestallt.
TikTok oder Instagram eréischt vu 15 oder 16 Joer un?
An der EU gëtt virun doriwwer diskutéiert, ob Sozial Medien an Zukunft fir Kanner oder Jugendlecher eréischt vun engem bestëmmten Alter u sollen erlaabt sinn.
Tour de France vun de Fraen: wat erhofft de Fränk Schleck sech?
Dee fréiere Lëtzebuerger Profi ass Team-Manager vun der Dammen-Ekipp vu Lidl-Trek. Mir schwätze mat him iwwer seng Ambitioune beim Tour de France vun de Fraen.
Stammzellespenden: vill potentiell Donateure sprangen um Enn of
D’Associatioun Don de Moëlle schwätzt vun engem gravéierende Problem, dee Mënscheliewen op d'Spill géif setzen. Wat sinn d'Grënn fir déi vill Refusen?
Ee laange Wee op d'Schaff ka fir Demotivatioun suergen
Stau oder ee vollen Zuch si fir vill Leit Deel vum Aarbechtsalldag. D'Psychologie-Studentin Myriam Koch interesséiert sech fir den Impakt dovun op d'Gesondheet an d'Wuelbefannen.
No Ceuta: wat muss d'EU anescht maachen, Tilly Metz?
Mir schwätze mat der grénger Europadeputéierter iwwer d'Conclusiounen, déi si zitt aus de Virfäll zu Ceuta an dem Ëmgaang domadder vun de politesche Responsabelen.
Beien an der Stad, Hunneg aus der Stad
Den Hugo Zeler ziicht Beien am urbane Raum. De Pit Beffort war mat him op enger ongewéinlecher Plaz ënnerwee.
E Bléck op d'Statistiken: Wéi aussergewéinlech ass déi aktuell Wiederlag?
Am Juli goufen et um Findel am zweetmeeschte Sonnestonnen zënter de Miessungen. E Gespréich mam Luca Mathias vu Meteolux
Zuel vu Fraen an der Arméi erreecht 20-järegen Héchststand
Dëst Joer goufen esouvill Zaldotinne vereedegt wéi zënter iwwer 20 Joer net méi.
EU-Reunioun haut: Firwat wollten dausende Persounen aus Marokko op Ceuta?
Déi 27 EU-Inneminister kommen haut fir eng urgent Reunioun zesummen, nodeems virum Weekend zéngdausende Leit probéiert hu vu Marokko aus an déi spuenesch Exklav Ceuta ze kommen.
Fussball: "Biissen a Walfer sinn dräi oder véier verschidde Welten"
Wat sinn d'Ziler vum Opsteiger Walfer an der neier Saison? Mir hunn Äntwerte vum Walfer Consultant Charel Schloesser.
D'Campinge profitéiere vun der Hëtzt
2026 wier ee fantastescht Joer fir d'Lëtzebuerger Campingen. Vill Touriste géife wéinst der aktueller Situatioun am Süde vun Europa hir Vakanzen hei am Land verbréngen.
Filmtipp: "The Christophers"
Mat sengem Fälscher-Drama geet de Steven Soderbergh dem Wiese vun der Konscht op de Fong.