arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Fro un den OGBL: Wéi geet et mat ArcelorMittal zu Lëtzebuerg weider?
De Stolkonzern ArcelorMittal denkt iwwer weider Delokalisatiounen a Richtung Indien a Polen no. Och ronn 1150 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg si vun där Analyse betraff.
KI vs mënschlecht Gehier: Wou kann de Mënsch géint d'Technologie punkten?
KI wäert de Mënsch a verschiddene Beräicher ersetzen, an dach wier d’mënschlecht Gehier a verschiddene Beräicher einfach besser. Där Meenung ass den Neurowëssenschaftler Dr. Beck.
De Bilan vum Autosfestival 2026
Bleiwen d'Hybridautoe beim Verkaf am beléiftsten? Mir froen de Philippe Mersch vum Garagisteverband FEDAMO wat bei d'Clientë bei dësem Autosfestival besonnesch intresséiert huet.
Vun 380 Kilo op 1 Kilo Offall d'Joer
De Jérémie Pichon a seng Famill hunn et virgemaach. Zanterhir deelt hie mat der Effentlechkeet, wéi een sech kann uleeë fir manner Offall ze produzéieren
Affär Wilmes: wat sinn déi nächst juristesch Schrëtt?
Mir froen den Affekot vum Dr Wilmes, de Me François Prum, wéi ee lo no den Aussoe vun der Gesondheetsministesch an der Chamberkommissioun wëll reagéieren.
Kritik u geplangtem Reglement fir Flüchtlingsstrukturen
Ee Kollektiv fuerdert, datt d'Regierung ee Reglementsprojet zréckzitt, deen d'Gebailechkeete fir geflücht Persoune soll ëmklasséieren. De Serge Kollwelter erkläert firwat.
Suspendéierung vun HRS-Chirurg: Trotz Erklärungen nach vill oppe Froen
D'Gesondheetsministesch war um Méindeg an der zoustänneger Chamberkommissioun fir Froen zu Decisioun iwwer d'Suspendéierung vum Dr. Philippe Wilmes ze beäntweren.
Cyclocross-WM: Marie Schreiber an den Top Ten
D'Lëtzebuerger Championne huet eng komplizéiert Saison mat der 10. Plaz op der Weltmeeschterschaft ofgeschloss, a kuckt elo no vir op d'Stroossesaison.
Wat stécht hannert de Virwërf géint d'Uni Lëtzebuerg?
D'Luxembourg Times hat d'Reprochë vu Mobbing, Harcèlement an toxeschem Aarbechtsklima bei der Uni publizéiert. D'Journalistin Cordula Schnuer gëtt Präzisiounen dozou.
Mir gi liichten
Wou kënnt de Brauch hir a wéi huet en sech iwwert d'Jore verännert? D'Paule Rodesch huet zu Bouneweg nogefrot.
Unisex-Toiletten: d'CSV seet, si hätt näischt gewosst
Hunn d'DP-Ministere Backes a Meisch op eege Fauscht gehandelt an dem Koalitiounspartner net Bescheed gesot? Froen un den CSV-Deputéierte Ricardo Marques.
Wéi sécher ass et, an e Lëtzebuerger Apel ze bäissen?
Enger Etude vum Kollektiv PAN Europe no wieren se mat ville Pestizide belaascht. Den Uebstbauer Nico Hoffmann betount, et géife reegelméisseg Kontrolle gemaach ginn.
De Lucien Weiler ass dout
E Portrait vum laangjäregen Deputéierten, CSV-Fraktiouns- a Chamberpresident an Hofmarschall, deen am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass.
Spuenien plangt eng massiv Regulariséierung
Déi spuenesch Regierung huet wëlles tëscht 500.000 an 800.000 Immigranten ouni Pabeieren ze regulariséieren. Explikatioune vun der 100,7-Korrespondentin Aurélie Chamerois.
50 Joer Forum
Den 31. Januar 1976 gouf déi 1. Editioun vun der Zäitschrëft Forum publizéiert. E Réck- an Ausbléck mam Viviane Thill, Member vu Verwaltungsrot a Redaktiounsekipp.
Internationale Schwamm-Meeting an der Coque
Ausbléck op déi 26. Editioun vum Euromeet am Gespréich mam Direkter vum Meeting Serge Hollerich.
Solle E-Scootere méi streng reglementéiert ginn?
De Claude Paquet aus dem Mobilitéitsministere reagéiert op Commentairen a Suggestiounen, déi als Reaktioun op d'100,7-Fro vun der Woch erakoumen.