arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Optakt vun den Open Air Concerte vum Atelier
13 Concerte kann ee wärend den nächsten zwou Woche bei der Luxexpo an an der Abtei Neimënster lauschteren. De Michel Welter vum Atelier gëtt en Abléck an d'Organisatioun.
Andreas Schieder: Wat gëtt vun de Lëtzebuerger Autoritéiten erwaart?
Deen éisträicheschen EU-Deputéierten Andreas Schieder gouf vu besuergte Medievertrieder wéinst dem Verkaf vum Balkan-Reseau "Adria News" mat Sëtz zu Lëtzebuerg kontaktéiert.
Editioun vum 08:15
Begréngung an der Stad, déi nei Säite vum Ëmweltminister an de Finanzminister an den Tubak, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
80 Joer Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
Den 1. Juli 1946 ass déi 1. Editioun vun der kommunistescher Zeitung erauskomm. Den aktuelle Chefredakter Ali Ruckert erënnert un 80 Joer, an deenen et dacks ëm d'Iwwerliewe goung.
Michelle Friederici, Presidentin vum OAI
Wéi kënne mir eis Stied, Schoulen, Bürosgebaier a Wunnenge besser op Hëtztwelle preparéieren? Dat froe mir d'Presidentin vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils
Bus du Coeur des Femmes
Vun haut bis e Freideg mécht dee Bus Statioun zu Esch virun der Gemeng. Do kënne Frae sech gratis engem Depistage vu cardiovasculaire Krankheeten ënnerzéien.
Editioun 07:15
Begréngung an der Stad, déi nei Säite vum Ëmweltminister an de Finanzminister an den Tubak, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Lëtzebuerger Fussball-Fan op der WM: Top oder Flopp?
Ze deier Ticketen, eidel Stadien a keng richteg WM-Stëmmung waren e puer vun de Virwërf virum Start vun der WM. Mee entsprécht dat och deem, wat Fans an den USA erliewen?
Vun Dräibiz bis Vullemätti
Den neie Band an der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch beschäftegt sech mat Frechheeten. Den Armand Becker vum ZLS verréit eis méi doriwwer.
Vott iwwer d'Stierfhëllef a Frankräich
An der Assemblée nationale gëtt haut iwwer d'Gesetz ofgestëmmt. Et war eent vun de Walversprieche vum President Macron. Iwwer den Text gouf awer vill gestridden.
Editioun 8h15
Déi ëmstridde Vëlosmeeschterschaften zu Mamer, rassistesch Aussoe vu Sportskommentateuren an ee Lëtzebuerger, dee President vum europäesche Fechtverband ass
Déifferdeng setzt op innovative Makadamm
Zu Déifferdeng ass e Stéck Strooss frësch gemaach ginn, mat Asphalt deen zu 3 Prozent aus biologescher Kuel besteet an där CO2 gebonnen ass.
Paul Galles, Stater CSV-Schäffen
Wéi eng Léieren zitt de Stater CSV-Schoulschäffen aus der Organisatioun an de Schoulen a Foyere wärend der Hëtztwell? War et richteg, fir kee generelle schoulfräi ze ginn?
Contournement vun Hesper: Ee komplexe Projet
De Contournement vun Hesper soll en Iwwerschwemmungsgebitt, grad wéi Natura 2000 a Vulleschutzzonen duerchkräizen.
Editioun 7h15
D'Hëtztwell beschäftegt weider d'Zeitungen, déi probéieren drop opmierksam ze maachen, datt eppes muss geschéien, dat op nationalem a kommunalem Niveau.
Nohaltegkeetsverspriechen op Produite mussen zukünfteg kënne bewise ginn
En neit Gesetz soll Konsumente besser virun irreféierenden Aussoen op Produite schützen a besser iwwer Haltbar- a Fléckbarkeet vun hinnen informéieren.
WM geet an d'K.-o.-Phas
Den 100,7-Fussballconsultant Roland Schaack zitt e Bilan vun der Gruppephas a kuckt no vir op d'16.-Finalle bei der Weltmeeschterschaft an den USA, a Mexiko an a Kanada.
CHdN: D'Killung vum Gebai war e groussen Defi
De Jean-Marc Cloos, medezineschen Direkter vum Centre Hospitalier du Nord, erkläert viru wéi eng Erausfuerderungen d'Hëtztwell säi Spidol gestallt huet.