Dir hutt Loscht ee Concertsowend mat klassesch-romantesche Kläng aus dem Mierscher Theater ze erliewen? Eise Klassiksender Opus iwwerdréit de Fréijoersconcert vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg an hirem Dirigent Pit Brosius. Déi jonk Museker:innen huelen Iech mat a Wierker vu Wolfgang Amadeus Mozart, Joseph Haydn a Jean Sibelius.
De Lex Kauffmann huet fir eis den Detail a verréit: Deen Owend ass net just eppes fir d'Klassik-Kenner!