Schonn 2040 kéint et zu Lëtzebuerg am Summer knapp gi mam Drénkwaasser. Wuesstum a Klimawandel verstäerken de Risiko vu Waasserknappheet. A wéi de Projet vum geplangten Datenzenter vu Google zu Biissen weist ass d'Land net gutt opgestallt, fir Verdeelungskämpf ëm d'Waasser nohalteg ze reegelen.
Bleift genuch Waasser fir d'Uelzecht iwwereg? Ee Gespréich mam Pia Oppel iwwer déi fënneft Episod vun der aktueller Zeenewiessel-Serie