arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Frankräich: Den neie fräiwëllege Militärdéngscht ass ugelaf
De Service national riicht sech haaptsächlech u jonk Leit vun 18 oder 19 Joer, déi wärend 10 Méint d’Geleeënheet kréien ze erliewen, wat et heescht, Zaldot ze sinn.
Editioun 07:15
D'Dronen, déi um Findel fir Chaos gesuergt hunn, sinn e grousst Theema an den Zeitungen, Experte soen, datt se zu Lëtzebuerg gestart gi wieren an en Test kéinte gewiescht sinn
En Doheem fir demenzkrank Persounen
Haut ass de Welt-Alzeimer-Dag. Domat gëtt op eng Rei Demenzkrankheeten opmierksam gemaach, un deene weltwäit geschätzt 55 Millioune Leit leiden
Ass d'Summervakanz ze laang a sollt se aneschters opgedeelt ginn?
Dat war fir d'Rentrée eis Fro vun der Woch. D'Meenungen doriwwer gi wéineg iwwerraschend wäit auserneen. Mir hunn Är Iddien zesummegefaasst an och an der Politik nogefrot
Berlin a Mecklenburg-Vorpommern hu gewielt: Eng Analys
Wat bedeiten d'Resultater vun deene Wale fir déi zwee Bundesländer? A wéi eng Konsequenze kéinte se um nationale Plang kréien? D'Analys vum 100,7-Korrespondent Matthias Kirsch.
Editioun 08:15
Dausende Wunnenge stinn uechtert d'Land eidel, dat huet d'Wort no enger grousser Recherche erausfonnt, an den Untersuchungsprisong zu Suessem ass schonn iwwerbeluecht
Tour de Luxembourg: E Bilan no 5 Deeg Course
De Pit Beffort wërft e Bléck zeréck op déi lescht 5 Deeg Course.
Rejko Krüger, Neurolog am Luxembourg Centre for Systems Biomedic
Um Weltalzheimerdag froe mir de Spezialist fir neurodegenerativ Krankheeten, wéi déi nei KI-baséiert Diagnos-Outile fonctionéieren, an ob Chatbots d'Gehierfitess beaflossen.
Ëmgang mat Dronen: "Et gëtt méi Equipement a Formatioun gebraucht"
De Manuel Atug ass Grënner a Spriecher vun der däitscher AG Kritis. Hie gesäit nach vill Loft no uewe wat d'Detektioun vun - an de Schutz virun - Dronen ugeet.
Editioun 07:15
D'Zeitunge kritiséieren, wéi d'Regierung mat den Drone-Virfäll um Findel ëmgaangen ass a wéi se kommunikéiert huet, Fazit: Lëtzebuerg ass onpreparéiert bei Dronenofwier
De Bléck an d'Zeitungen
Dronen am Lëtzebuerger Himmel: d'Presse kritiséiert d'Regierung fir eng weider schlecht Krisekommunikatioun
D'Marcy op Besuch am 100,7-Studio
Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin presentéiert den Owend fuschnei Titelen an der éischter Aircheck-Session vun dëser Saison. D'Cally Kerschen huet den Event mat organiséiert.
Kann d'KI dout maachen?
De Francesco Ferrero vum Recherche-Institut LIST reagéiert op alarmistesch Aussoen, déi prominent KI-Fuerscher rezent gemaach hunn.
Zu Lëtzebuerg bleift d'Sich no enger Studentewunneng komplizéiert
Iwwer 7.000 Studente sinn op der uni.lu ageschriwwen. Déi meescht vun hinne brauchen eng Wunneng. Mee wéi gesäit de Marché vun de Studentewunnengen zu Lëtzebuerg aus?
EU-Proposen: Lëtzebuerg begréisst Aschränkungen op soziale Medien
Méi Kontroll, manner Fräiheete fir d'Plattformen: Mir froen d'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue wéi realistesch si d'Virschléi vun der Kommissioun aschätzt.
Carla Carvalho, Presidentin vun der nationaler Elterevertriedung
No de schlechte PISA-Resultater huet den Educatiounsminister ënner anerem d'Elteren an d'Flicht geholl. Wéi gesinn déi Concernéiert dat?