arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Claude Robinet, neie Lëtzebuerger Arméichef
De neie Generol iwwerhëllt eng Arméi déi séier wiisst. Mir froen hien wat déi gréisst Erausfuederunge sinn, déi an de nächste Joren op hien duerkommen.
Am Tunnel Micheville gouf den Eeschtfall getest
Eng 80 Pompjeeën, Mataarbechter vu Ponts et Chaussées a vun der Police ware gëschter un engem groussen Exercice bedeelegt.
Presserevue vu 7:15
Ass Frankräich nach ze retten, dat froen sech d'Editorialisten, donieft gëtt d'CFL an Zwëschenzäit zou, datt net all déi nei Schwellen aus FSC-zertifizéiertem Tropenholz sinn
De Bléck an d'Presse
An der Presse ass et d'Vue vun der Architektin iwwert d'Déifferdenger Gemengenhausaffär an déi vum Escher Buergermeeschter iwwert d'Installatioun vun Iwwerwaachungskameraen
Trotz Wafferou: D'Leit an der Gazasträif sti virun engem haarde Wanter
Eise Korrespondent Leonardo Kahn mat engem Abléck an d'Alldagsliewen vun dem vum Krich gezeechente palästinenseschen Territoire.
Wat gëtt aus dem Dikrecher Brautuerm?
Den Yves Claude mécht sech staark fir den Erhalt vun deem Gebai am Bauhaus-Stil. Am Kader vun de Journées européennes du patrimoine wëll hie sensibiliséieren.
Dréchent op Mauritius: "Et dréit een de Krunn op, an et kënnt näischt"
Hei am Land ginn et, trotz ganz dréchene leschte Méint, bis elo keng Enkpäss beim Dréckwaasser. Op Mauritius ass dat anescht. Eng Lëtzebuergerin erzielt, wéi dat sech ufillt.
Presserevue vun 8:15
Soll d'Regierung d'Subventioun op de Petrolspräisser weiderféieren oder net? An: ass "Resilienz" elo wuel dat neit Moudewuert? Dat si weider Theemen an der Press vun haut.
Sanktioune géint Israel: Gëtt et Sträit an der Lëtzebuerger Regierung?
DP ass dofir datt Wueren aus illegal besaten Territoiren am Westjordanland net méi däerfen op Lëtzebuerg importéiert ginn. Wëllt d'CSV dat blockéieren? Mir froen de Fraktiounschef.
Dr Claude Braun, President vu Luxembourg Transplant
Am Virfeld vum internationalen Dag vun den Organspenden maache mir de Point zu der Situatioun zu Lëtzebuerg. 2025 goufen nëmmen zwee Spender hei am Land registréiert
Jeunesse Esch saiséiert Ethikkommissioun
An der Affär ëm de Spiller, deen aus reliéise Grënn refuséiert huet, weiblech Supporteren ofzeklappen, freet de Veräin elo en onofhängegen Avis. De President Marc Theisen erkläert.
Presserevue vu 7:15
Ontransparenz bei Télétravail an Home Office beim Staat, "Resilient" als neit Moudewuert, an Onkloerheeten bei de Reglementer tëschent der AMMD an der CNS - Sujeten vun haut.
EU-Budget: Wéi kann de Knuet opgemaach ginn?
Nom leschte Komporomëss-Virschlag sinn d'Säiten bal méi wäit ausenee wéi virdrun. Kann de Conseilspresident António Costa op dësem EU-Sommet de Knuet léisen?
Feierbakterien a Wéngerten: Regierung versprécht Kompensatiounen
Wat ass geplangt fir betraffe Wënzer ze entschiedegen an eng weider Verbreedung vun de Bakterien ze verhënneren? Froen un d'Wäibauministesch Martine Hansen.
Bakteriebefall beonrouegt d'Wënzer
D'Nouvelle vun der Präsenz vu Feierbakterien a verschiddene Wéngerten huet de President vum Wënzerverband Paul Funck komplett iwwerrascht. A se mecht him Suergen.
Editioun 08:15
D'Roll vum Sport am Staatsbudget an d'Studenteprotester a Frankräich - dat si weider Theemen an der Press vun haut.
Soll Lëtzebuerg selwer Sanktioune géint Israel huelen?
D'LSAP, déi gréng an déi Lénk soe Lëtzebuerg soll net méi op aner EU-Länner waarde fir ze handelen. Mee wéi steet d'DP dozou? Mir froen hiren aussepolitesche Spriecher Gusty Graas.
Alexandra Schoos, ADR-Parteipresidentin
Bei der Sonndesfro vun Ilres am Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL schneit d’ADR esou gutt of ewéi nach ni. Wouru mécht d’Partei deen Erfolleg fest?