arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Groussbritannie kritt en neie Premier
De Kinnek Charles wäert deen neie Labour-Leader haut mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptragen. Mee wien ass dee Successeur vum Keir Starmer?
Fussball-WM - e Bilan
De Manuel Cardoni, techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun, verréit, wéi hien d'Weltmeeschterschaft erlieft huet a wat hien dovun zeréckbehält.
Neie Statut fir Dokteren an der Spezialisatioun
D'Regierung an d'Associatioun ALMEVS goufe sech eens iwwer e spezifesche Statut fir déi jonk Dokteren, déi nach an der Ausbildung sinn.
Editioun 08:15
Begréngung vun der Stad, Ëmweltpolitik, déi net nerve soll a bedauernswäert Sportjournalisten, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Tour de France: Tëschebilan no der 2. Woch
15 vun 21 Etappe si gefuer; elo geet et an d'Alpen. Wat kann ee vun der leschter Tour-Woch erwaarden? Froen un de fréiere Vëlosprofi Michel Ries
Pascale Hansen, Bâtonnière Barreau Dikrech
Nom Mordversuch un engem Affekot schléit den Dikrecher Barreau Alarm. Ëmmer méi dacks wiere seng Membere mat verbaler, heiansdo och physescher Gewalt konfrontéiert.
Bierger-Atelier ëm d'interkulturellt Zesummeliewen zu Schëffleng
Et koumen originell Iddien eraus, fir d'Awunner:inne spontan dozou ze bréngen sech ze begéinen a besser kennenzeléieren.
Editioun 07:15
Begréngung vun der Stad, Ëmweltpolitik, déi net nerve soll a bedauernswäert Sportjournalisten, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Editioun vum Weekend
Kritik un den ugekënnegte Mesurë fir de Wunnengsbau a weider Theemen an der nationaler Press vum Weekend
Pensiounsreform, Budget an Tripartite: wichteg Momenter an der Chamber
Wéi eng grouss Dossier goufen an de leschte Méint an der Chamber diskutéiert?
"Jidderee kann eppes ginn a Wëssen deelen"
De Miseler Kollektiv bréngt Mënsche vu verschiddenen Horizonter zesummen, op eng ongezwongen Aart a Weis. D'Annick Feipel ass Coordinatrice vun deem éischten Tiers-lieu am Osten.
“Booster fir de Wunnengsbau”
Ënner deem Slogan hunn den CSV-Finanzminister Gilles Roth an den DP-Logementsminister Claude Meisch gëschter 7 Mesurë virgestallt, déi de Wunnengsbau nees ukuerbele sollen.
Editioun 07:15
Eng kontrovers Schoulreform, en neit Bautereglement an de fräie Choix vun de Schoulen, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Theaterfestival zu Avignon: E finanziellen Iwwerliewenskampf fir d'Akteuren
De Jeff Schinker gëtt eis en Abléck an den haarde Konkurrenzkampf tëschent den Theaterkompagnien, déi zu Avignon optrieden.
Paul Schroeder, Direkter vum CGDIS
De Joresrapport vum CGDIS, dem Corps grand-ducal d’incendie et de secours, ass Theema mat eisem Invité vum Dag.
ETS-Reform: Wiem lauschtert d’EU-Kommissioun no?
D'EU-Kommissioun proposéiert déi laang erwaarte Reform vum Europäeschen Emissiounshandels-System. Si sicht den Equiliber tëschent de Géigner an deenen, déi de System hale wëllen.
Editioun 07:15
Eng kontrovers Schoulreform, en neit Bautereglement an de fräie Choix vun de Schoulen, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Fussball-Weltmeeschterschaft: D'Finall steet fest
Mir kucke mam Jo Diseviscourt aus der Sportredaktioun zeréck op de Match vu gëschter - an no vir op den decisive Match e Sonndeg.