arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
US-Menacë splécken d'EU: Weider Dialog oder Fauscht op den Dësch?
D'Meenunge gi wäit auseneen, wéi ee Stëmmungsbild am EU-Parlament queesch duerch d'Partei weist. Déi zwou Parteien, déi zu Lëtzebuerg an enger Koalitioun si, si guer net d'accord.
Solidaritéit mat Grönland
D'Souveränitéit vu Grönland wier net negociabel, seet de President vun der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament David McAllister.
D'EU-Kommissioun erlaabt méi staatlech Subventiounen
Zil ass et, Secteuren, déi besonnesch vill Energie verbrauchen, méi kompetitiv ze maachen an ze verhënneren, datt sech méi Entreprisen aus Europa zeréckzéien.
EU-Parlament: Wéi robust ass déi pro-europäesch Plattform?
D’EU-Parlament stëmmt iwwer d’Deforestatiouns-Reglement of, en neien Test fir déi pro-europäesch Plattform aus EVP, Sozialisten a Liberalen. Wat dobäi erauskënnt, ass onkloer.
Chaotesch Deeg an der Belsch
Et gëtt en Accord fir en neie Budget an der Belsch. Mee dat ass net nëmmen eng gutt Nouvelle. E Streik riskéiert d'Land ze paralyséieren. Eis Korrespondentin mécht de Point.
Drogegewalt a Frankräich
Emmanuel Macron seet Drogebanden de Kampf un.
Pensiounsreformpläng an Däitschland
Och an Däitschland suergt eng ugekënnegt Pensiounsreform fir vill Diskussiounen, esouguer bannent der Koalitioun. Explikatioune vun eisem Korrespondent Matthias Kirsch
Drogegewalt a Frankräich
Emmanuel Macron seet Drogebanden de Kampf un.
Kritik u Vereinfachung vun EU-Dateschutzgesetzer
D’Pläng fir d’Vereinfache vu verschiddene Gesetzer iwwer déi digital Welt vun der EU-Kommissioun stoussen op schaarf Kritik. Si ginn haut um Mëttwoch zu Bréissel presentéiert.
Riets-konservativ Majoritéit stëmmt fir Ofschwäche vum EU-Liwwerkettegesetz
Datt d’Majoritéit mat de Stëmme vum rietsextreeme Bord zesummekoum, stéisst op Kritik bei LSAP, DP a Gréng. D'CSV-EU-Deputéiert stelle sech iwwerdeems hanner de Vott.
EU-Klimazil 2040: Wat bedeit den Accord fir de Klimaschutz?
Ee Verhandlungsmarathon huet um Enn zu engem Accord vun de 27 EU-Länner geféiert. Wat gouf genee festgehalen a wéi ass dee Kompromëss ze bewäerten?
Belsch: De Bart de Wever bleift Premier - mee fir wéi laang?
Mir froen eis Korrespondentin Agathe Cherki, wat hanner der belscher Regierungskris stécht.
EU-Klimazil 2040: Wat bedeit den Accord fir de Klimaschutz?
Ee Verhandlungsmarathon huet um Enn zu engem Accord vun de 27 EU-Länner geféiert. Wat gouf genee festgehalen a wéi ass dee Kompromëss ze bewäerten?
Albanien: Ee vun de Frontrunner fir Member vun der EU ze ginn
Den EU-Deputéierten Andreas Schieder doriwwer, wou Albanien am EU-Bäitrëttsprozess drun ass.
EU-Liwwerkettegesetz: Marc Angel “houfereg” op geplatzte Kompromëss
Nodeems d'EU-Parlament d'EU-Liwwerkettegesetz verworf huet, weist den LSAP-EU-Deputéierte Marc Angel Kritik um Vott zeréck.
Martine Hansen mécht weider Campagne géint Deforestatiouns-Gesetz
D’Propose fir d’Reglement géint d’Entwaldung ze vereinfachen, ginn net wäit genuch, sou d’Agrarministerin. Si widdersprécht dobäi deels den Aussoe vun der EU-Kommissioun.
EU-Sommet: keng Visiounen
Ukraine, Klima - den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kuckt zréck op de EU-Sommet vum Donneschdeg a stellt fest, datt déi 27 sech erëm an der Konscht vum Kompromëss üben.
Russescht Staatsverméigen benotzen: D'Iddi koum net virun um EU-Sommet?
D'Fro wéi dat blockéiert russescht Staatsverméigen kann der Ukrain zur Verfügung gestallt ginn, ass nach laang net sprochräif an der EU.