arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Frankräich: Kann de Sébastien Lecornu sech als Premier halen?
Eise Korrespondent zu Paräis analyséiert, wéi déi aner Parteie reagéieren, nodeems de Premier ugekënnegt huet déi ëmstridde Pensiounsreform aus ze setzen.
Frankräich huet nees eng néi Regierung
D’Oppositiounsparteien LFI an RN wëllen awer haut schonn e Mësstrauensvote areechen.
Ried vum Premier Luc Frieden am Europaparlament
D’Europäesch Unioun muss Bürokratie ofbauen - dat sot de Premier den Dënschdeg am Europaparlament
Bis muer den Owend wäert de franséische President en néie Premier nennen
Wien kéint dann elo a Frankräich eng Regierung stellen a wéi stabil kann déi iwwerhaapt sinn?
Analyse mat eisem Paräis-Korrespondent: Frankräich kënnt net zur Rou
No der iwwerraschender Demissioun vum Premier Sébastien Lecornu gëschter steet d’Land alt nees ouni Premier a Regierung do.
Informellen EU-Sommet: Unanimitéit steet zur Diskussioun
EU-Kommissioun a Conseilspresident starten de Versuch, de Prinzip vun der Unanimitéit direkt zweemol opzehiewen. Onkloer bleift, ob genuch EU-Länner dofir sinn.
Wéi déi europäesch Riets-Extreem den Charlie Kirk zu engem Märtyrer maachen
Och an Europa probéieren déi Riets-Extreem den Doud vum Charlie Kirk fir hir Zwecker ze notzen, mengt den Olivier Hanrion vun der RTBF.
Dem Mario Draghi säi Rappell
Déi europäesch Wirtschaft géif nach ëmmer ze lues dréien - dee Constat huet dee fréieren EZB-Chef Mario Draghi dës Woch gemaach. An zwar net fir d'éischt.
Dialog tëschent Lëtzebuerg a Frankräich fällt op en Neits aus
Zanter 2011 kommen déi Lëtzebuerger an déi franséisch Regierung am Fong all Joer fir eng Commission intergouvernementale zesummen. Mee déi fällt elo scho fir 2. aus.
Brasilien: De Prozess géint de Bolsonaro
De fréiere brasilianesche President Bolsonaro soll e Staatsstreech geplangt hunn a steet elo viru Geriicht. De Jean-Claude Gerez aus Brasilien gëtt Detailer.
Bleift d’Regioun Bréissel nach laang ouni Regierung?
Viru 15 Méint waren an der Belsch Regionalwalen, mee Haaptstadregioun huet nach ëmmer keng Regierung zesumme kritt. Ee grousse Problem fir de Veräinssecteur.
De Sebastien Lecornu ass neie Premier a Frankräich
Och den Nofollger vum Francois Bayrou wäert et schwéier hunn. Erklärunge vun eisem Frankräich-Korrespondent Max Tholl
Frankräich - fënnefte Premier bannent zwee Joer no Vertrauensfro
Frankräich kënnt net zur Rou. Alt nees muss e Premier no enger kuerzer Amtszäit a wéinst dem Budget goen.
Al Diskussioun iwwert “Veggi-Burger” nei lancéiert
Bezeechnungen ewéi "Poulet" oder "Beef" dierfe net fir reng planzlech Produiten gebraucht ginn. Dat proposéiert d'EU-Kommissioun. De Veggis-Secteur schléit Alarm.
EU-Parlament kritiséiert den EU-US-Deal iwwer Douanestaxen
Am Europaparlament gëtt d'Kritik iwwer den EU-US-Accord ëmmer méi haart. Dat huet een éischten Debat an der parlamentarescher Handelskommissioun däitlech gemaach.
Däitsch Regierung leet hire Sträit bäi
De Friedrich Merz a seng Aarbechtsministesch hate sech ëffentlech zerstridden. Elo wëlle si den däitsche Sozialstaat zesumme reforméieren.
Kënnt et a Frankräich zu enger Vertrauensfro?
De franséische Premier Bayrou wëllt am Sträit ëm de Budget d'Vertrauensfro stellen. Wéi geet et a Frankräich weider? Eise Korrespondent Max Tholl mat Aschätzungen.
Huet d'EU sech vun den USA iwwer den Dësch zéie gelooss?
Et gëtt ëmmer méi Kritik um Deal tëschent der EU an den USA iwwer Douanestaxen. Wat ass do drun a wat ass alles dran an deem Deal?