arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Charel Schmit
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher fuerdert e Verbuet, fir Mannerjäreger an den Erwuesseneprisong ze placéieren. Wéi eng Alternative missten amplaz geschafe ginn?
Wéi kéint sech d'Situatioun am Noen Oste weider entwéckelen?
Mir froen d'Bente Scheller, Expertin fir d'Regioun bei der Heinrich-Böll-Stiftung.
Editioun vu 07:15
110 nei Kameraen am Garer Quartier, d'FindelClinic mécht hir Dieren op an d'IVG steet an der Verfassung, dat sinn eis Theemen an der Presserevue.
Noen Osten: Gëtt och Groussbritannien an de Krich eragezunn?
Eis Korrespondentin Claire Barthelemy analyséiert.
Online-Bedruch: Mat wéi engen Tricke schaffen d'Täter?
D'Fuerscherin Muriel-Larissa Frank huet sech mat der Virgoensweis vun den Täter bei sougenannte Pig Butchering Scams befaasst.
Editioun 8h15
Wie kandidéiert um nächsten CSV-Kongress? Firwat kënne Leit sech zu Esch net umellen? A firwat hunn d'Zich esou vill Verspéidung? Mat deene Froe beschäftege sech d'Zeitungen.
Wéi leeft eng Naturwëssenschaftsolympiad of?
Bei der Finall vun der Naturwëssenschaftsolympiad moosse sech 24 Schüler:innen an de Fächer Bio, Chimie a Physik. Mir ware mat dobäi.
Frankräich ass bereet seng Atomwaffen an aneren EU-Länner ze stationnéieren
Eise Korrespondent Max Tholl erkläert, wat de franséische President wëlles huet.
Alain Massen
De Psychotherapeut war 6 Joer laang President vun der nationaler Elterevertriedung. Wéi eng Chancen an Erausfuerderunge gesäit hien op de Lëtzebuerger Schoulsystem duerkommen?
Experimentelle Bësch um Eecherfeld: Beem planze géint de Klimawandel
Um Eecherfeld ginn 3.500 nei Beem geplanzt, als eng Zort wësseschaftlecht Experiment fir d'Zukunft.
Editioun 7h15
D'Zeitungseditorialiste stelle fest, datt mam Irankrich eng nei Zäit abrécht an datt déi al Weltuerdnung, wou internationaalt Recht gegollt huet, verschwënnt
Filmtipp: "The History of Sound"
Dem Olivier Hermanus säin Drama iwwer Léift, Erënnerung a populäre Gesang ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotipp.
Volle Succès fir d'Stammzellen-Aktioun
Ronn 1.400 Leit hu participéiert. Fir d'Äiskonschtleeferin Caroline ass dat eng Chance, fir ee kompatibele Spender ze fannen an de Kampf géint Leukemie ze gewannen.
Wéi reagéiert d'EU op d'Attacken op den Iran an hir Suitten?
Kann ee soen, datt d'EU mat enger Stëmm op de Konflikt reagéiert? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
Biissen am Volleyball-Féiwer: Eng Sportaart am Opschwong?
An de leschten Deeg gouf zu Biissen de Final Four am Volleyball gespillt. Wéi ass deen ofgelaf a wisou ausgerechent zu Biissen?
Editioun 8h15
Eng nei Beweegung, déi sech fir de finanzielle Feminismus asetzt gëtt virgestallt an et ass en Interview iwwer d'Recht op Ofdreiwung an der Verfassung.
Wéi ass d'Lag zu Tel Aviv?
Mir schalte bei eise Korrespondent Léonardo Kahn, deen op der Plaz ass. Mat him gi mir och op d'Virgoe vun Israel an.
Gusty Graas (DP) an David Wagner (déi Lénk)
Déi zwee Deputéiert hunn ënnerschiddlech Vuen op de Konflikt am Noen Osten. Wéi bewäerte si déi rezent Ugrëff, d'Äntwert vum Iran an d'Zukunft vum Land?