D’Hausse vu Präisser vun Düngemëttel huet en Dënschdeg d’Agrarministeren aus de 27 EU-Länner zu Bréissel beschäftegt. Den EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen, hat déi lescht Woch een Aktiounsplang op den Dësch geluecht an op en Neits Mesuren annoncéiert, d’Baueren géife finanziell ënnerstëtzt ginn. Ganz konkret ass dat nach net. De Christophe Hansen huet awer versprach, nach vrum Summer Proposen ze maachen. Wat genee wënscht sech d’Lëtzebuerger Regierung vu Bréissel en vue vun dene Mesuren ? Dat froe mir d’Agrarministerin Martine Hansen, déi op der Reunioun zu Bréissel derbäi war.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.