An der Gemeng Schiere sinn an de leschte Wochen eng Partie Convoi-exceptionellen duerch d’Duerf gefuer an hu fir virwëtzeg Blécker gesuergt: D’Camionen haten eppes gelueden, wat een esou net grad all Dag gesäit – an zwar déi eenzel Deeler vum neie Wandrad, dat hei geschwë Stroum produzéiere wäert. De Chantier ass voll amgaangen, aktuell waart een op e spezielle Kran, fir dat impressionant Bauwierk vu ronn 230 Meter Héicht zesummenzesetzen.
De Schierener Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes an den Direkter vu Soler Paul Zeimet, erklären, wéi et elo zu Schieren virugeet.