arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Sanktioune géint Israel: Gëtt et Sträit an der Lëtzebuerger Regierung?
DP ass dofir datt Wueren aus illegal besaten Territoiren am Westjordanland net méi däerfen op Lëtzebuerg importéiert ginn. Wëllt d'CSV dat blockéieren? Mir froen de Fraktiounschef.
Dr Claude Braun, President vu Luxembourg Transplant
Am Virfeld vum internationalen Dag vun den Organspenden maache mir de Point zu der Situatioun zu Lëtzebuerg. 2025 goufen nëmmen zwee Spender hei am Land registréiert
Jeunesse Esch saiséiert Ethikkommissioun
An der Affär ëm de Spiller, deen aus reliéise Grënn refuséiert huet, weiblech Supporteren ofzeklappen, freet de Veräin elo en onofhängegen Avis. De President Marc Theisen erkläert.
Presserevue vu 7:15
Ontransparenz bei Télétravail an Home Office beim Staat, "Resilient" als neit Moudewuert, an Onkloerheeten bei de Reglementer tëschent der AMMD an der CNS - Sujeten vun haut.
EU-Budget: Wéi kann de Knuet opgemaach ginn?
Nom leschte Komporomëss-Virschlag sinn d'Säiten bal méi wäit ausenee wéi virdrun. Kann de Conseilspresident António Costa op dësem EU-Sommet de Knuet léisen?
Feierbakterien a Wéngerten: Regierung versprécht Kompensatiounen
Wat ass geplangt fir betraffe Wënzer ze entschiedegen an eng weider Verbreedung vun de Bakterien ze verhënneren? Froen un d'Wäibauministesch Martine Hansen.
Bakteriebefall beonrouegt d'Wënzer
D'Nouvelle vun der Präsenz vu Feierbakterien a verschiddene Wéngerten huet de President vum Wënzerverband Paul Funck komplett iwwerrascht. A se mecht him Suergen.
Editioun 08:15
D'Roll vum Sport am Staatsbudget an d'Studenteprotester a Frankräich - dat si weider Theemen an der Press vun haut.
Soll Lëtzebuerg selwer Sanktioune géint Israel huelen?
D'LSAP, déi gréng an déi Lénk soe Lëtzebuerg soll net méi op aner EU-Länner waarde fir ze handelen. Mee wéi steet d'DP dozou? Mir froen hiren aussepolitesche Spriecher Gusty Graas.
Alexandra Schoos, ADR-Parteipresidentin
Bei der Sonndesfro vun Ilres am Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL schneit d’ADR esou gutt of ewéi nach ni. Wouru mécht d’Partei deen Erfolleg fest?
Mc-collection.lu: Eng nei Online-Gallerie fir Lëtzebuerger Konscht
Mir hunn nogefrot, wéi eng Wierker do ausgestallt ginn.
Editioun 07:15
Eng méiglech Faillite vum Betrib "Salaisons Meyer" an der Tilly Metz hir Kandidatur als Vizepresidentin vum Europaparlament - dat si Sujeten an den Zeitungen vun haut.
Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Resistenzmusée: Nei Directrice, identeschen Optrag
Den 1. Oktober huet d'Elisabeth Hoffmann de Frank Schroeder un der Spëtzt vum Musée national de la Résistance et des Droits Humains ofgeléist.
Geet de Schülerprotester a Frankräich d'Loft aus?
Mir froen eise Korrespondent Max Tholl.
Editioun 08:15
Duelem huet als eenzeg Gemeng nach kee PAG, an zu Esch waarde Keefer op hir Wunnengen am Projet "L'Adresse" - dat si weider Theemen an den Zeitunge vun haut.
Walrecht vu 16 Joer un: Ass d'CSJ vun hirer Mammepartei enttäuscht?
Mir hunn den CSJ-President Metty Steinmetz gefrot.
Marc Reiners, President vum Produzentecomité bei Luxlait
D'Luxlait iwwerhëlt temporär 50 fréier Ekabe-Produzenten, kann deenen hir Mëllech awer net hei am Land verschaffen. Wat bedeit dat fir déi Concernéiert a fir d'Molkerei selwer?