arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Wat ass haut eng gutt Schoulbibliothéik?
Den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude D. Conter, fuerdert, datt d'Schoulbibliothéike gestäerkt ginn. Mee wat heescht dat?
Guy Bley, Haut-Comissaire à la protection nationale
Wat ass d'Zil vun der neier Campagne fir 72 Stonnen Autonomie vun de Bierger bei nationale Krisen? A wéi prett sinn d'Autoritéite wann déi "nächst Kris bestëmmt kënnt"?
Walrecht vu 16 Joer un: Wat seet d'DP?
Eng ganz Rei DP-Buergermeeschteren ënnerstëtzen d'Fuederung fir scho bei den nächste Gemengewalen e Walrecht ab 16 anzeféieren. Wat seet d'Parteipresidentin Carole Hartmann dozou?
Editioun 07:15
Mat ënner anerem de Sujeten Affär Déifferdeng, Affär Fridman an Äddi Bob Jungels
Editioun vum Weekend
D'Schülerprotester a frankräich an e manktem u Räim fir d'Kultur - dat si Sujeten an der Press vum Weekend.
Mam Serge Tonnar: Am Chouer fir d'mental Gesondheet sangen
De bekannte Museker sensibiliséiert dëse Weekend mat engem Videotournage fir d'mental Gesondheet. A jidderee ka matmaachen.
FC UNA Stroossen: Deen aktuell spannendste Veräin am Lëtzebuerger Fussball
2015 ass de de Club an d'BGL Ligue opgestiegen, huet sech do fest etabléiert an zielt elo zu de Spëtzeveräiner. E Gespréich mam President Luc Hilger.
"Schëdde" fir de Nëssmaart
E puer Dose Fräiwëlleger hu sech tëschent Bettel a Furen op enger gespaarter Landstrooss getraff fir Nëss ze rafen - "ze schëdde", wéi si et nennen. Mir ware mat dobäi.
Editioun 08:15
En Audit op der Uni, Hannergrënn vun der Affär Fridmann an e soziale Budget, dat sinn d'Theemen an der Presserevue
3 Joer Remboursement vun der Psychotherapie: Et bleiwe grouss Hürden
Zënter 2023 gëtt d'Psychotherapie vun der CNS rembourséiert, mee d'Hürde bleiwe grouss. An och d'Konventioun tëschent der FAPSYLUX an der CNS léisst op sech waarden.
Patrick Michaely, Direkter vum Naturmusée
Virun 30 Joer ass den MNHN vum Fëschmaart an de Gronn geplënnert. Wéi huet e sech zënterhir entwéckelt? A wéi soll e sech nach weider entwéckelen?
Literatur-Nobelpräis: Wéi zougänglech ass d'Wierk vun der Anne Carson?
Mir froen d'Schauspillerin Pascale Noé Adam, déi viru Kuerzem nach en Theaterstéck vun der Anne Carson opgefouert huet.
Editioun 07:15
E Noutfallkit fir schlëmm Zäiten, en Audit fir d'Uni an eng Kamera fir d'Sécherheet, dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Retronom - En neie Geschichtspodcast vum Radio 100,7
Zënter de Moien ass déi éischt Episod online. Den Historiker Pit Peporté seet eis, ëm wat et geet.
Vera Bertemes-Hoffmann: Ginn d'Lafschong ganz un den Nol gehaang?
D'Lëtzebuerger Leeferin trëtt net méi bei internationale Compétitiounen un. Mir froe si, ob si och keng Courssen hei am Land méi wëllt lafen.
Jugendschutzreform: Ministèren trotz Kritik vum Staatsrot optimistesch
De Justizministère an de Ministère fir Educatioun a Jugend sinn zouversiichtlech, datt d’Reform vum Jugendrecht nach an dëser Legislaturperiod duerchgeet.
Editioun 08:15
Commentairen zu der Presentatioun vum Budgetsprojet stinn de Moien am Mëttelpunkt vun der Presserevue
Kleederfloumaart fir de gudden Zweck
Zu Biereng bei Miersch organiséieren d'Aktiv Frae Miersch zweemol d'Joer e Second Hand Maart a sammelen domat regelméisseg Zéngdausenden Euro, déi duerno integral gespent ginn.