arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Editioun 07:15
Jongpolitiker wëllen d'Demokratie retten an ee Kulturminister, dee sech ageschafft huet: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Rentrée am Stroosseverkéier
Wou ass sech de gréissten Zéifloss ze erwaarden a wéi en Impakt haten eigentlech d'Hëtzt an d'Dréchent op d'Stroossen? Mir froen den Direkter vu Ponts & Chaussées, Roland Fox.
E Roman deen zu Lëtzebuerg spillt: "Wellenlänge"
"Wellenlänge" ass den Titel vun engem neie Roman, deen zum Deel an de spéiden 1930er Joren hei zu Lëtzebuerg spillt. Den Auteur Wolfgang Böhm erkläert d'Hannergrënn vu senger Geschicht.
Parlamentswalen an Israel: Wéi eng Sujeten dominéieren am Walkampf?
Israel wielt de 27. Oktober fir d'éischte Kéier zënter der Hamas-Terrorattack vum Oktober 2023 en neit Parlament. Wie sinn d'Kandidaten a wéi eng Sujeten dominéieren am Walkampf?
Editioun 08:15
Eng Datz bei der Pisa Etüd, a wéi d'Finanzplaz vum Brexit profitliert huet: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Helikopter-Asaz fir méi Sécherheet op der Nordstreck
Bei der Giewelsmillen installéiere Spezialiste Metallnetzer un enger Fielswand, fir d’Gleise viru Fiels- a Steeschlag ze schützen.
Claude Meisch, DP-Educatiounsminister
Wéi eng Conclusiounen zitt de Schoulminister aus der neier PISA-Etüd?
Wat stécht hanner de PISA-Resultater? Eng Analys
Däitlech méi schwaach Lieskompetenzen, den Afloss vu KI op d'schoulesch Leeschtungen, an d'Motivatioun vun de Schüler: d'Sophie Schroeder mat enger Analys vun de PISA-Resultater.
Editioun 07:15
Eng Datz bei der Pisa Etüd, a wéi d'Finanzplaz vum Brexit profitliert huet: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Virun 100 Deeg huet RTL de Pay-TV-Sender Sky Däitschland iwwerholl
En Deal, dee strategesch gesinn Sënn maache géif, deen awer net ouni Risiko wier, seet den däitsche Medie-Beroder Bernt von zur Mühlen, dee jorelaang fir RTL geschafft huet.
Fraesport: Sparta Bartreng an Escher VC zéien hir Ekippen zeréck
D'Sparta Bartreng stellt am Basket nächst Joer keng Dammenekipp. Den Escher Volleyball huet decidéiert, hir Hären an hir Dammenekipp aus dem Championnat ze zéien. Wat sinn d'Grënn?
Editioun 08:15
Sinn déi nei hëlzen Eisebunnsschwellen aus Tropenholz, déi d'CFL verluecht huet, zertifizéiert? Recherche vum Tageblatt no bestéingen do Zweiwel
Botzmëttel a Kachgeschier op der Schueberfouer
Um Glacis verkafen d'Reesender op hire Stänn an der Allée Scheffer allerlee Produiten. Wéi erliewe si déi gréisste Kiermes am Land a wéi huet se sech iwwer d'Jore verännert?
Anne Calteux, Ex-Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg
Den 1. Dezember iwwerhëllt si d'Direktioun vum Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique.
Jonglënster: Erëmopbau vun der Gemeng kéint 2029 ofgeschloss ginn
Aktuell sinn d'Sanéierungsaarbechten amgaangen, erkläert de Buergermeeschter Ben Ries. Grouss Deeler vun de Gebailechkeete waren 2024 bei engem Groussbrand zerstéiert ginn
Editioun 07:15
D'Zeitunge sinn entsat iwwer d'Walvictoire vun der AfD a Sachsen-Anhalt a si maachen déi etabléiert Parteien dofir responsabel, well déi d'Bierger am Stach gelooss hunn
Bidirektionaalt Luede vun elektreschen Autoen
D’Technologie mam Numm “Vehicle-to-Grid” soll an Zukunft zu Lëtzebuerg getest ginn. Esou kéinten Autosbatterië mat Stroum vum Netz opgeluede ginn an es och zeréck schécken.