Eng Persoun, hiren Alldag, a mir sinn dobäi. Am Zeenewiessel Portrait kritt een eng subjektiv Perspektiv op dat wat zu Lëtzebuerg leeft an eis all eppes ugeet. An der éischter Episode kucke mir engem jonke Fierschter iwwert d’Schëlleren. De Cédric Farinon ass a sengem Alldag konstant domadder konfrontéiert, datt Beem krank sinn oder stierwen. Hie gesäit de Bësch awer net als Patient, mee als een Ierwen, dat iwwer Joerhonnerte weider gereecht gëtt. Seng Léift fir de Bësch huet de Cédric och geierft. Vu sengem Papp, dee rezent gestuerwen ass.
Den Jamie Reinert huet d’Episode realiséiert a verréit, wat Iech hei erwaart.