arrow_back_ios
Radioprogramm
Episoden
D'Maison médicale zu Ettelbréck ass geplënnert - Mee wéini geet een dohin?
Gëschter Owend sinn zu Ettelbréck d’Diere vun der neier Maison médicale opgaangen. Mee firwat ass se geplënnert a wéini soll een an d’Maison médicale an net an d’Urgence goen?
Presserevue vun 08:15
Zu Waasserbëlleg huet sech eng nei Biergerinitiativ géint de Kaméidi op a ronderëm d'Tankstelle gegrënnt, si fuerdert Verkéiersberouegungen an huet schonn 200 Ënnerschrëften
Anonym Beschëllegungen: Wéi kënne Journaliste sech wieren?
Eng anonym Internetsäit mécht grave Reprochë géint d'Journalistin Véronique Poujol. Mir froen de President vun der Journalisten-Associatioun ALJP, wéi si sech ka wieren.
Mike Schwebag, Médiateur de la santé
De Gesondheetsmediateur gëtt ageschalt, wann et e Konlikt gëtt tëschent Patient an Dokter - oder ëmgedréint. 2025 huet de Service iwwer 100 Dossiere méi registréiert, wéi 2024
Filmtipp: "Boxing Stories"
A sengem ganz perséinlechen Documentaire setzt sech den Alain Tshinza mat der Lëtzebuerger Boxgeschicht an der kongoleesescher Diaspora auserneen.
Presserevue vu 07:15
D'Cyberattacken op Frigoen a Killtruen a Supermarchéen zu Lëtzebuerg, d'Militärdepensen, déi méi héich ausfale wéi geplangt, an d'Sich no Immobilien déi staark klëmmt sinn Theemen
Leschte Countdown fir d'Midterms an den USA
Den US-President Donald Trump probéiert d'Wieler ze iwwerzeegen, datt seng Republikaner an der Majoritéit bleiwe sollen, mee d'Demokrate weisen sech optimistesch
No Récktrëttsfuerderung: Wäert den Déifferdenger Schäfferot zerécktrieden?
Nom 400.000 Euro-Bedruch an der Gemeng huet d'Oppositioun d'Demissioun vum LSAP-CSV-Schäfferot gefuerdert. Wéi reagéiert dorop de Buergermeeschter Guy Altmeisch?
Hanner de Kulisse vun engem Beruff tëschent Doud an Trouscht
De Moris Garzaro war bei Erasmy zu Hamm an huet mat der Rachel Weber iwwer hiren Alldag am Beruff geschwat
Presserevue vun 08:15
An den Zeitungen ass et haut den Opruff fir op d'Strooss ze goe fir géint d'Wunnengskris ze protestéieren, ze laang scho géifen d'Leit sech ze vill gefale loossen
Jugendprotester an Däitschland
Zéngdausende Leit hunn de Weekend fir besser Bildung a géint déi héich Liewenskäschten souwéi d’Wehrpflicht demonstréiert. Mir maachen de Bilan mat eisem Däitschland-Korrespondent
Jeromin Zettelmeyer, Direkter vum Think Tank Bruegel
Däitschland a Frankräich fuerdere Lockerungen bei de Klimaziler an der Auto-Industrie a méi e staarke Schutz fir d’Produktioun an der EU. D'Denkfabrik gesäit dee Virstouss kritesch
Tankrabbatt: 100 Millioune Liter méi bei Verlängerung vun engem Joer
Den Tankrabbat gouf "nëmmen" ëm zwee Méint d‘nächst Joer verlängert. Eng Verlängerung bis Enn 2027 hätt nämlech d’Klimaziler vu Lëtzebuerg a Gefor bruecht.
Presserevue vu 07:15
Well d'Zuel vun den Asätz klëmmt muss de CGDIS ëmmer méi Leit astellen a seng Krittären änneren, de Staatsexame soll geännert ginn an et solle méi Fraen agestallt ginn
De Bléck an d'Zeitungen
Di grouss Sujeten sinn haut den Dout an d'Decisioune vun der Tripartite.
Halloween op Lëtzebuergesch: D'Traditioun vum Trauliicht
Zu Munzen gi keng Kürbisse geschnëtzt, mee Zockerrommelen. Och wa se dëst Joer kleng sinn: Mat e bësse Fantasie gi se zu grujelege Kreaturen.
Besatzungsmuecht Lëtzebuerg: Wéi de Grand-Duché Deeler vun Däitschland besat hat
Déi zwee däitsch Landkreesser Bitburg a Saarburg goufen nom 2. Weltkrich 10 Joer vun der Lëtzebuerger Arméi kontrolléiert. Den Historiker Felix Streicher huet doriwwer gefuerscht.
Den Opus mat der "Lauschter Lounge" op der Studentefoire
Mat enger Playlist mat klassescher Musek wëll eise Musekssender deene Jonken hëllefen, sech ze entspanen a gläichzäiteg den Interessi u klassescher Musek e bëssen erwächen