arrow_back_ios
Radioprogramm
Episoden
Déi europäesch Sécherheetspolitik muss sech nei orientéieren
Wéi gesäit d'Expertin fir Sécherheets- a Verteidegungspolitik, Ulrike Franke, d'Zukunft vun enger europäescher Sécherheetspolitik, déi sech vun den USA lassgeléist huet?
Presserevue vun 08:15
En Alliéierten an der belscher Vignette-Fro, Ruanda als Wonnerléisung an eng FIFA-Kandidatur mat wéineg Chancen: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Um Mëtternuecht ass et esouwäit: GTA 6 kënnt eraus
Eng nei Spillwelt, zwee Haaptpersonnagen an héich Erwaardungen un den nächste Grand Theft Auto.
Romain Bausch, President vum Conseil national des finances publiques
Den CNFP warnt op en Neits, d'Staatsfinanze géife riskéieren, aus dem Rudder ze lafen. Mee lauschtert d'Regierung iwwerhaapt op déi Warnungen? Mir froen den CNFP-President.
Nei Musek zu Lëtzebuerg an um Opus
An dëser Woch sinn hei zu Lëtzebuerg dräi wichteg Evenementer fir déi Nei Musek: En nei gegrënnte Label an zwee Festivallen
Presserevue vu 07:15
Logementskris a keen Enn, Debatt ëm Iessensstongen a GTA 6 an de Startlächer: Dat sinn eis Theemen an der Presserevue
De CGDIS presentéiert zéng nei SAMU-Gefierer
De CGDIS setzt elo net méi op SUven, mee op Camionnetten als Asazween
D'Grondschoule ginn eng schwéier Fro un: Wéi fonktionnéiert KI?
De Claude Reuter vum Script erklärt, wéi ee Grondschüler eppes erkläert kritt, wat ee selwer nëmme schwéier versteet.
Weltklimakonferenz: Wéi fënnt een zu bal 200 Länner e Kompromëss?
Mir froen d'Claudia Hitaj, déi fir de Lëtzebuerger Ëmweltministère op der COP31 zu Antalya an der Tierkei matverhandelt, wou d'Verhandlungen dru sinn.
Presserevue vun 08:15
D'Resultater vun der Fussballnationalekipp an de Sträit ëm den neien Diddelenger Gemengelogo sinn haut zwee vun den Theemen.
Francis of Delirium live zu Chicago
Eisen US-Korrespondent Philip Crowther huet mat der Lëtzebuerger Band geschwat, fir déi et net den éischten Optrëtt an de Staate war.
Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
An den Nopeschlänner bréngt d'Jugend hir Onzefriddenheet op der Strooss zum Ausdrock. Mir froen den Okaju, wéi onzefridden d'Lëtzebuerger Jugend ass.
Nei Policecampagne: "Léif Boma, léiwe Bopa, looss dech net beducksen ..."
D'Police geet mat enger neier Campagne eeler Leit geziilt géint Bedruchsversich sensibiliséieren. Den Thierry Fehr aus der Police-Direktioun mat Erklärungen.
Presserevue vu 07:15
An der Press gëtt et de Moien zweemol grouss Opreegung: Iwwer den neien Diddelenger Logo an iwwer d'Policepresenz bei enger Liesung vun der Tatta Tom
Véier Dinosaurier an een Draach am Atelier
Heavysaurus ass eng Band, déi als Zil huet, Kanner u Metal a Live-Concerten erunzeféieren. Mat kannerfrëndlechen Texter a Kostümer
D'Wiesseljoren: En Tabuthema dat d'Hallschend vun der Mënschheet betrëfft
D'Associatioun Lëtz Menopause wëllt dofir suergen, datt Fraen an de Wiesseljoren besser Ënnerstëtzt ginn. Mir froen d'Sekretärin vun der Asbl. wat dofir muss geschéien.
De Lëtzebuerger Konschtpräis fir d'Simone Decker
D’Multimedia-Kënschtlerin Simone Decker ass fir hiert Liewenswierk geéiert ginn
Presserevue vun 08:15
D'LSAP-Fraktiounscheffin fënnt, datt d'Regierung misst an de Krisemodus switchen an de Gerson Rodrigues fënnt, datt hien, de Boss, zeréck misst komme fir Goler ze schéissen