De Maat Saxophone Quartett ass eng hollännesche Formatioun vu véier jonke Saxofonistinnen a Saxofoniste mat portugisesche Wuerzelen. 2018 hu si sech frëndschaftlech zesummefonnt an dat erkläert och den Numm vum Quartett. Well “Maat” ass vum hollännesche Wuert “maatjes” ofgeleet, dat esouvill wéi “Frënn” bedeit. Zënter e puer Méint da si si ronderëm d’ganz Welt ënnerwee. Si goufen nämlech als ECHO Rising Stars ernannt. Een Titel, deen et erlaabt, an deene gréisste Concertshaiser op Tournée ze goen. Esou och nächsten Dënschdeg, den 21.04.2026 zu Lëtzebuerg an der Philharmonie.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Maat Saxophone Quartet - Rising Stars op Besuch zu Lëtzebuerg
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann