Panorama
Owespanorama
12 min
1. D’Bank BGL BNP Paribas krut vun der CSSF eng Geldstrof an Héicht vun 3 Milliounen Euro. D’BGL BNP Paribas wier hiren Obligatiounen am Beräich vum Blanchiment a vun der Terrorismusfinanzéierung net nokomm, schreift d’CSSF.
2. D’Gouvernance-Problemer missten an aller Transparenz opgeschafft ginn: Déi Ausso huet de Claude Meisch de Mëtten am Zesummenhank mam Science Center gemaach.
3. Den 8. Oktober gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume als Lieutenant-Représentant iwwer en Arrêté grand-ducal de nomination designéiert. No der Signature vun dem Arrêté, gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume virun der Chamber vereedegt, sou wéi d‘Verfassung dat virgesäit.
4. De Parquet vu Paräis huet eng Enquête géint d‘Walcampagne fir d‘Presidentielle vum Marine Le Pen, 2022, opgemaach. Et bestéing de Verdacht op illegal Finanzéierung.
5. Am Cyclissem wënnt de Belsch Jasper Philipsen déi 10. Etapp vum Tour de France iwwer ronn 187 km vun Orléans op Saint-Amand-Montrond. De Bob Jungels huet sech als 26. klasséiert an de Kevin Geniets kënnt op Plaz 108.
Presentéiert vum
- Marlène Clement