Panorama
Owespanorama
12 min
1. D’Oppositioun am Hesper Gemengerot geheit dem CSV-Buergermeeschter Marc Lies en Interessekonflikt vir bei engem rezente Recrutement
2. Schaarf Kritik vun déi Lénk un der CSV-DP-Regierung: Si géif ënner anerem eng Politik vun der Verantwortungslosegkeet bedreiwen, huet et um Presseiesse geheescht
3. De Xavier Bettel kritiséiert d’Boykott-Decisioun vun der EU-Kommissioun géint Ungarn
4. Nom Stuerm an den Iwwerschwemmungen Enn leschte Mount goufe bis elo Schied an Héicht vu 24,5 Milliounen Euro vun de Lëtzebuerger Assurancen indemniséiert, mellt den Assurance-Verband ACA an engem éischte Bilan
5. D’Roberta Metsola gouf mat grousser Majoritéit op en Neits zur Presidentin vum Europaparlament gewielt
Presentéiert vum
- Françoise Keller