Panorama
Moiespanorama
6 min
1. déi gréng fuerderen, datt d‘Chamberkommissioun vun der Famill dringend zesummekënnt. Dat no der Annonce, datt d‘Caritas wéinst Finanzbedruch a Schwieregkeeten ass
2. Déi israeelesch Arméi attackéiert militäresch Ziler vun den Huthi Rebellen am Jemen. D‘Angscht virun enger weiderer Eskalatioun klëmmt
3. Den Donald Trump war gëschter fir säi Walkampf am Bundesstaat Michigan. Et war deen éischte Walkampf-Optrëtt vum Trump zanter der Attack am Bundesstaat Pennsylvania
4. Un der griichesch-tierkescher Grenz beim Floss Evros gouf ee griichesche Grenzpolizist duerch Schëss blesséiert. Déi griichesch Autoritéite ginn dovunner aus, datt Passeuren op de Polizist geschoss hunn
5. Am Cyclissem gëtt de Mëtteg déi 21. an domat och lescht Etapp vum Tour de France gefuer. Am Zäitfuere geet et haut iwwer 33 km vu Monaco op Nice
Presentéiert vum
- Marlène Clement