Panorama
Mëttespanorama
13 min
1. D‘Chamber befaasst sech de Mëtteg mat der Bedruchsaffär bei der Caritas. Déi zoustänneg Chamberkommissioune kommen um hallwer 2 zesummen
2. D‘Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten" kritiséiert dem Léon Gloden säi verschäerfte Platzverweis
3. D‘ASBL Rosa Lëtzebuerg weist sech entsat iwwer eng Petitioun déi fuerdert, datt an der Schoul keng Inhalter sollen thematiséiert ginn, déi e Bezuch zu LGBT-Theemen hunn. D‘ASBL betount, datt d'Schoulen ee Bildungsoptrag hu fir iwwer d‘Gesellschaft an hir Diversitéit ze informéieren
4. De Moien hu fënnef Klimaaktivisten de Flughafe Köln/Bonn blockéiert. Si hate sech wärend dräi Stonnen op der Pist festgepecht bis d'Police koum
5. Fligeraccident zu Kathmandu: Vun den am Ganzen 19 Mënschen u Bord huet just de Pilot d‘Ongléck iwwerlieft
Presentéiert vum
- Marlène Clement