Panorama
Owespanorama
11 min
1. Zu Bréissel ass déi aktuell Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen amgaangen hir Ekipp fir déi nächst Europäesch Kommissioun zesummenzesetzen
2. Déi franséisch Lénkspartei La France Insoumise wëllt haut offiziell hir Propositioun areechen, fir de President Emmanuel Macron un Hand vun enger Destitutioun ofsetzen ze loossen
3. Et ginn Ännerunge beim Programm vun der Fréierkennung vun Daarmkriibs. Wéi d’Santé an engem Schreiwes matdeelt, wéilt een den Accès fir sech op Daarmkriibs testen ze loossen, vereinfachen a méi Leit encouragéiere matzemaachen
4. Op d’mannst 12 Migrante koume bei engem Bootsongléck am Äermelkanal ëm d‘Liewen, mellen déi franséisch Autoritéiten. Zwou Persoune ginn dem provisoresche Bilan no nach vermësst
5. Bei enger russescher Attack an der ukrainescher Stad Poltava wieren op d’mannst 49 Mënschen ëm d‘Liewe komm an iwwer 200 Mënsche blesséiert ginn, deelt den ukrainesche President mat
Presentéiert vum
- Marlène Clement