Panorama
Mëttespanorama
9 min
1. Duerch d’Verontreiung vun 61 Milliounen € muss d’Caritas déi international Aktivitéiten op Äis leeën. 100 Aarbechtsplaze sinn impaktéiert doduerch, knapp en Drëttel heiheem an iwwer 2/3 am Ausland
2. Vun der Schoulrentrée u sollen an de Kantinne méi Bio- a méi regional Produkter ugebuede ginn: Den Educatiounsminister Claude Meisch huet dat am 100,7-Interview ugekënnegt. Dës Politik soll fir all d’Schoulkantinne gëllen, och op der Uni
3. Um Flughafe vu Charleroi an der Belsch gëtt zanter de Moie fréi nees gestart a gelant. No zwee Deeg Streik hu sech d’Gewerkschaften an d’Direktioun vum Flughafen op eng Reprise vun den Aktivitéite gëeenegt
4. Perfekten Optakt fir d’Daviscup-Ekipp vun den Tennis-Hären: Fir de Kont vum Weltgrupp II läit si nom 1. Dag an Neiséiland 2:0 vir
5. An d’Liichtathletin Patrizia van der Weken leeft bei der Finall vun der Diamond League zu Bréissel iwwer d’100-Meter op eng gutt 5. Plaz
Presentéiert vum
- Eric Ewald