Panorama
Moiespanorama
8 min
1. De Jean-Claude Juncker kritiséiert d’Grenzkontrollen, déi Däitschland vu muer un ugekënnegt huet. Den Ex-Premier a fréieren EU-Kommissiounspresident gesäit den Accord vu Schengen doduerch a Gefor
2. Dee 14 Joer ale Yonatan-David Resch gëtt zanter gëschter vermësst. De jonke Mann ass tëschent 1m80 an 1m90 grouss, huet brong Krauselen an ass gouereg; Informatioune si fir d'Police um 244 40 1000
3. Israel war de Moie fréi nees am Viséier vun enger Rakéit, déi am Jeme fortgeschoss gouf. D’Rakéit ass am Zentrum vun Israel erofgaangen, awer an enger Géigend, an där kee Mënsch war
4. D’Daviscup-Ekipp vun den Tennis-Häre steet no hirer 3:2-Victoire an Neiséiland an de Play-offe fir an de Weltgrupp I
5. Am nationale Fussball ass gëschter am éischte Match vum 6. Spilldag kee Goal gefall an der Partie Hueschtert-Jeunesse
Presentéiert vum
- Eric Ewald