Panorama
Mëttespanorama
9 min
1. De Jean-Claude Juncker kritiséiert d’Grenzkontrollen, déi Däitschland vu muer un ugekënnegt huet. Den Ex-Premier a fréieren EU-Kommissiounspresident gesäit den Accord vu Schengen doduerch a Gefor
2. déi gréng aus der Stad froe sech, ob dat neit Schouljoer an der Haaptstad ouni Neierungen ufänkt. Dobäi géif et, an hiren Aen, vill Defie ginn
3. Bis elo koumen duerch de Schloreen a Mëttel- an Osteuropa 6 Leit ëm d’Liewen. Rumänien zielt 4 Doudesaffer, Éisträich a Pole jee eent. Eng Korrespondenz dozou aus Polen
4. Bei der Europameeschterschaft am Cyclissem an der Belsch gouf et de Moien eng 8. an eng 10. Plaz fir Lëtzebuerg bei de Junior-Dammen
5. D’Daviscup-Ekipp vun den Tennis-Häre steet no hirer 3:2-Victoire an Neiséiland an de Play-offe fir an de Weltgrupp I
Presentéiert vum
- Eric Ewald