Panorama
Owespanorama
11 min
1. Greenpeace rifft d’Regierunge weltwäit dozou op méi Efforten ze maache fir d’Natur ze protegéieren. Dat am Hibléck op d‘COP 16 déi e Méindeg a Kolumbien ufänkt.
2.
Israel attackéiert en neits Ziler am Norde vun der Gazasträif. An de leschten zwou Woche wieren iwwer 400 Mënsche bei der israeelescher Offensiv am Norden ëm d‘Liewe komm, soe Secouristen.
3. Nom G7 Treffen haut an Italien hunn d‘Verdeedegungsministeren an engem gemeinsame Schreiwes een Opruff gemaach fir verstäerkt humanitär Hëllef an der Gazasträif.
4.
A Frankräich gouf de Text iwwer d‘Recettë vum Budget 2025 an der Finanzkommissioun rejetéiert.
5. Déi riets italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni bleift bei hire Pläng fir Flüchtlingen, déi an Italien wëllen, a Lager an Albanien ze bréngen.
Presentéiert vum
- Marlène Clement