Panorama
Owespanorama
13 min
1. E staarkt Beruffsgeheimnis vun den Affekoten an eng besser Digitalisatioun vun der Justiz – dat sinn d‘Uleies vum Staater Barreau fir d‘Zukunft.
2. Den neie Regëster vun de Wunnstrukture fir eeler Persounen, „infosenior-lu“ ass online.
3. Déi geplangt franséisch Grenzkontrollen wieren net mat de Provënzen ofgeschwat ginn, kritiséiert de Buergermeeschter vu Mont-Saint-Martin.
4. Schwéier Virwërf vum UN-Palästinenserhëllefswierk géint Israel: Et géif trotz Versprieche weiderhi bal keng humanitär Hëllef an de Gazasträif kommen.
Presentéiert vum
- Françoise Keller