1. D’Handwierkerfederatioun gesäit der geplangte Pensiounsreform positiv entgéint. Schaarf Kritik kënnt allerdéngs vun der Chambre des salariés.
2. D’ADR-Parteipresidentin Alexandra Schoos stellt sech hannert hiren Europa-Deputéierte Fernand Kartheiser. Dat no der Annonce, datt de Lëtzebuerger wéinst senger aktueller Rees op Moskau a Russland aus senger Fraktioun am Europaparlament soll ausgeschloss ginn.
3. De Bundeskanzler Friedrich Merz huet dat israeelescht Virgoen an der Gazasträif haut däitlech kritiséiert.