1. Perquisitiounen haut ënner anerem beim Buergermeeschter vun Déifferdeng a bei enger Immobilière wéinst Verdacht op Korruptioun. Et geet ëm d‘Vente vun engem Gemengenterrain un d‘Immobilière, bei där d‘Gemeng ganz schlecht ewech komm wier
2. Déi éischt Urteeler an der Caritas-Affär si gesprach: Um Stater Geriicht goufen de Mëtteg zwee Männer aus Bulgarien zu 18 Méint Prisong condamnéiert
3. D’EU hëlt fir elo keng Mesurë géint Israel wéinst méigleche Verstéiss géint d‘Mënscherechter an der Gazasträif
4. Groussbritannien huet an engem geheime Programm Dausenden Afghanen opgeholl fir si virun den Taliban ze schützen nodeems hir Donnéeën iertemlech geleaked goufen