1. D‘Europäesch Unioun begréisst d‘Wafferou tëschent Israel a Syrien – am Süde vu Syrien soll et awer rëm zu Kämpf tëscht Drusen a sunnitesche Beduine komm sinn.
2. Den US-President Donald Trump huet de Wall Street Journal wéinst Diffamatioun verklot a verlaangt op d‘mannst 10 Milliarden Dollar Schuedensersatz.
3. De Vatikan huet Zweiwel dorun, datt den israeeleschen Ugrëff op eng kathoulesch Kierch am Gazasträif een Accident gewiescht soll sinn.