1. Keng gréisser Annoncen de Mëtteg am Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun, mee éischter ee Bilan – an een Opruff fir Zesummenhalt virun der Tripartite.
2. D‘Oppositioun hätt ee sech zum Deel méi Detailer zur Tripartite gewënscht. Aus der Zivilgesellschaft koum ënnert anerem d‘Kritik zum Volet Gesondheet an Ëmwelt.
3. D‘EU-Kommissioun wëll d’Bauere wéinst den héijen Dünger-Präisser ënnerstëtzen – awer net finanziell, op d‘mannst net direkt.
4. Ënnert anerem déi fréier EU-Kommissärin Viviane Reding gouf haut fir hiren Asaz fir europäesch Wäerter ausgezeechent.