1. Et koumen zwee weider Mannerjähreger an den Erwuesseprisong zu Schraasseg well an der Unisec zu Dräibuer kéng Plaz méi ass. Dat mellt de Parquet an engem Communiqué.
2. D‘Regierung huet de Moien an der Chamber weider Erklärungen iwwert d‘Tëschefäll mat Dronen hei am Land ginn. Demno haett een d'Präsenz vun den Drohnen nët materiell kënne nowerisen.
3. Den ukrainesche Präsident Volodimir Selenski huet de moien offiziell zouginn dass d‘Ukraine dat russescht Krichsschëff virun der lybescher Küst attackéiert an zerstéiert huet.
4. Nom Echec vum Weltklimasommet zu Antalya kënnt aus ville Länner Kritik. Peking huet erklärt dat déi greng Transitioun an d‘Decarboniséierung irreversibel wieren.