Physik ass relax
Alles op de Vëlo
7 min
Vëlofuere besteet aus engem kontinuéierlechen Ëmkippen no riets an no lénks, wou een instinktiv dat richtegt mécht, fir sech ëmmer erëm opzeriichten: kippt de Cyclist no riets, well säi Schwéierpunkt ze vill riets läit, renkelt hien instinktiv liicht no riets, an de Vëlo fiert no riets. Dem Cyclist seng “TrägheIt”, dat heescht seng Tendenz, riichtaus ze goen, bewierkt, datt de Schwéierpunkt op déi lénks Säit vum Vëlo kënnt. Doduerch kippt en no lénks. An anere Wierder, e riicht sech erëm op a kippt duerno no lénks. Dat Spillche geet elo op där anerer Säit esou virun. Dat Kippen ass am Normalfall nëmme ganz schwaach, a wann ee séier fiert, fält et quasi net op. Beim Lues-Fueren a beim Aus-Dem-Suedel-Fuere fält et awer schonn op. Erklärunge mam Physiker André Mousset
Presentéiert vum
- Angie Maquil