Vun all de Snacks gehéiere Chips wuel zu de beléiftste weltwäit.
Extra Gromperenzorte gi geziicht fir déi optimal Chips ze produzéieren. De Wee vum Feld bis an d'Tut geet iwwer Fliissbänner mat villen Tëschestatiounen, bei deene gebotzt, geschielt, gewäsch, aussortéiert a frittéiert gëtt. D'Technik verbessert sech stänneg. Eng Gromper begéint do vill Physik op hirem Wee als Knuspersnack an d'Tut. Explikatioune vun der Physikerin Carol Eicher