Resonanzen
Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin
60 min
De Concours Jeunes Solistes vun der UGDA geet a seng 40. Editioun. Ronn 150 Kandidatinnen a Kandidate participéieren a fir deen Anniversaire ze feieren triede beim Ofschloss-Concert véier Solisten op: ee fir all Joerzéngt vum Concours. D'Direktesch Micky Thein gëtt en Abléck an de Concours.
Da geet et och ëm de Prix Anne & Françoise Groben de 14. November an der Philharmonie, mir stellen deen neie Klassik Album vun der Woch mat Musek vun der Rita Strohl vir, an et geet ëm e Lieder-Owend am CAPE.
Presentéiert vum
- Luc Boentges