Retromania
D'Currywurscht kritt 75 Joer
2 min
Ass d’Theema Currywurscht anzeklasséieren a Kultur, Kult, einfach nëmmen Alldag, oder wourënner?
Mee warscheinlech ass déi bekannten däitsch Wurscht vun allem eppes.
Deen däitsche Sänger Herbert Grönemeyer huet d’Currywurscht scho virun iwwer 40 Joer an engem Lidd geéiert, an elo gëtt d’Currywurscht esou richteg gefeiert, ëmmerhi kritt se scho 75 Joer.
Zu Berlin hat se hiren eegene Musée, den Deutsches Currywurst Museum, deen 2009 am Berliner Quartier Mitte opgaangen ass, awer 2018 seng Dieren nees zougemaach huet. Dëse Musée huet ëmmer nees drop gepocht, datt d’Currywurscht zu Berlin am Summer 1949 erfonnt gouf.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus