Radioen

On air

Notturno  |  Plastic Pedestrian - Craving

play_arrow Live
arrow_back_ios

Time Flies

1969

headphones

58 min

Lauschteren play_arrow

1969 war et endlech esou wäit. Et koum zur Moundlandung. Dozou huet e jonken David Bowie de passende Soundtrack geliwwert. Fir de Rescht war dat lescht Joer vun de 60er op allen Niveaue gläichzäiteg Ufank an Enn vu ville Saachen. De Bowie feiert den Ufank vu senger grousser Karriär, wärend de Vietnam-Krich esou lues awer sécher op en Enn kënnt. Fir de Rescht ass 1969 e grousse Joergang, mee och soss gëtt vill spannend Musek goûtéiert.

Playlist:
1. Led Zeppelin - Good Times Bad Times (op Led Zeppelin; Atlantic; 1969)
2. Captain Beefheart & His Magic Band - Frownland (op Trout Mask Replica; Straight; 1969)
3. David Bowie - Space Oddity (op David Bowie; Philips; 1969)
4. Sly & the Family Stone - Everyday People (op Stand!; Epic; 1969)
5. The Foundations - Build Me Up Buttercup (op Build Me Up Buttercup; UNI Records; 1968)*
6. Brigitte Fontaine - Le goudron (op Comme à la radio; Saravah; 1969)
7. Catherine Ribeiro - La solitude (op Catherine Ribeiro + 2 Bis; Disques Festival; 1969)
8. Sun Ra and His Astro Infinity Arkestra - Mu (op Atlantis; Saturn Research; 1969)
9. Wallace Collection – Daydream (op Wallace Collection; Capitrol Records; 1969)
10. Scott Walker - 30 Century Man (op Scott 3; Philips; 1969)
11. Scott Walker - Boy Child (op Scott 4; Philips; 1969)
12. Terry Riley - A Rainbow in Curved Air (op A Rainbow in Curved Air; Columbia Masterworks; 1969)
13. The Shaggs - I'm So Happy When You're Near (op Philosophy of the World; Third World Recordings; 1969)
14. The Velvet Underground - After Hours (op The Velvet Underground; MGM Records; 1969)
15. Moondog - Lament I, „Bird's Lament“ (op Moondog; Columbia Masterworks; 1969)
16. White Noise - Love Without Sound (op An Electric Storm; Island Records;1969)
17. King Crimson - I Talk To The Wind (op In The Court of the Crimson King (An Observation by King Crimson); Island Records; 1969)

* De Song gouf am Dezember 1968 an de UK released, mee gouf eréischt am neie Joer zu engem Hit.

Episoden

1972

Op d'Musek vun deem Joer an op d'Musek vun de fréien 1970er konnt ee sech nu wierklech verloossen. Dorunner hunn déi ëmmerhin iwwer 50 Joer zanterhier näischt geännert.
headphones

58 min

play_arrow

1971

Trotz weiderhi ganz mouvementéierte Gesellschaftsbiller - ausser natierlech zu Lëtzebuerg, do gouf et einfach Fräibéier -, war déi musikalesch Kreativitéit scheinbar onendlech.
headphones

60 min

play_arrow

1970

En neit Joerzéngt ass ëmmer gläichzäiteg de Moment mat eppes ofzeschléissen, mee natierlech och fir en Neiufank. Et gëtt haart a lues, schéin a knaschteg - d'Musek huet dat neit Joerzéngt mat oppenen Äerm wëllkomm geheescht.
headphones

58 min

play_arrow

1969

1969 war et endlech esou wäit. Et koum zur Moundlandung. Dozou huet e jonken David Bowie de passende Soundtrack geliwwert. Mee och soss gëtt vill spannend Musek ....
headphones

58 min

play_arrow

1968

1968 war emblematesch, ma e ganz präzise Mount vun dem Joer ass et vläicht nach méi
headphones

58 min

play_arrow

1967

D'Joer, an deem de Vietnamkrich weider eskaléiert ass an d'Studenten a Studentinnen et bis uewen hin haten
headphones

60 min

play_arrow

1966

D'Joer, an deem d'Reaktioun op de Vietnam-Krich zu Masseprotester féiert, d'hollännesch Kinnigin en Däitsche bestuet an déi amerikanesch Astronaute weider am Schiet vun de sowjettesche Kosmonaute stinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Time Flies - 1965

D'Joer, an deem de Bob Dylan d'elektresch Gittar an de Grapp geholl huet a Greenwich Village skandaliséiert huet. Mee dat ass alles net esou wichteg, well Lëtzebuerg déi éischte Kéier d'Eurovisioun gewonnen huet.
headphones

58 min

play_arrow

1964

1964 war d'Joer, an deem d'Beatles méi oder manner op de Camillo Felgen getraff sinn, wärend déi brittesch Gittaren de Rocksound dominéiert hunn.
headphones

60 min

play_arrow